
© Eldoradio
Um Mëttwoch de Muere war et e ganz spezielle City Breakfast an der Stad, well dëse gouf gutt 70 Meter iwwert dem Buedem bei der Gëllener Fra ofgehalen, am Skyliner. Sujeten déi hei ugeschwat goufen, war natierlech de Skyliner selwer.
Et gouf awer och e Bilan Punkto Nationalfeierdag gezunn, Neies a Punkto Mobilitéit an et sinn och nach e puer Wieder iwwert d’Drénkwaasser gefall.
Ugefaangen da mat Nationalfeierdag, oder besser gesot de Bilan dee vun dëser Editioun an der Stad gezu gouf.
Et war ee méi wéi zefridden iwwert déi vill Leit déi komm sinn, dat bei beschtem Wieder. Plus/Minus 100.000 Leit sollen an der Stad gefeiert hunn an hei gouf et natierlech zolidd Dréck, esou d’Stader Buergermeeschtesch Lydie Polfer.
Dann war och erëm de PAG an der Stad en Thema, hei konnten en jo als Bierger seng Reklamatioun nach eraginn. Hei géif een elo an Avis als Stad ofginn, iert een et dann un den zoustännege Minister geet.
Wieren d’Temperature weider esou héich bliwwen, hätt een och nach eppes zum Waasser gesot. Ma hei ass alles an der Réi, et wier nach genuch Drénkwaasser fir d'Stad Lëtzebuerg do.
Weider gouf nach ënnerstrach, dass vum 2. Juli un de Parc&Ride Kockelscheier a Luxembourg-Sud vun der 25 Stonn déi een do geparkt ass muss bezuelen. Pro ugefaangenen Dag, kascht et 10 Euro.