OECD-EtudeGrouss Divergenzen an de Proffepaien

An 3 mol dierf der roden op wéi enger Plaz de Grand-Duché lant...

Leschten Update: 12.07.2017, 13:46:54

© YANN COATSALIOU / AFP

D’OECD, d‘Organisatioun fir ekonomesch Zesummenaarbecht an Entwécklung huet nees eng Statistik verëffentlecht déi weist wéi vill Jofferen, Schoulmeeschteren a Proffen aus 26 Länner sou am Duerchschnëtt verdéngen an dës Donnéeën ënnertenee verglach.

Verglach gouf ënnertenee wéi vill an all Land d ‘Léierpersonal aus dem Precoce, der Primärschoul an dem Secondaire an engem Joer verdéngen. Als Richtlinnen déngt d’Duerchschnëttspaie vun enger Persoun mat engem Unisdiplom oder engem Héichschoulofschloss.  

An hei?! Lëtzebuerg lant op der éischter Plaz. An dat op direkt den 3 Niveauen. Ganz wäit ofgeschloe sinn nämlech der Etude no d’Proffen aus dem Secondaire, déi hei méi wei all déi aner verdéngen. Fin-Carrière kann ee Proff am Secondaire souguer 125.000 Euro an engem Joer verdéngen. Am Precoce an am Fondamental ass d’Paien d selwecht an hei kann ee Fin-Carrière 112.00 Euro an engem Joer zu Lëtzebuerg verdéngen.



Op der 2. Plaz hu mer dee flammänneschen Deel vun der Belsch. Hei sinn et och nees d’Proffen aus dem Lycée, déi am meeschte verdéngen an och nees méi wei den Duerchschnëtt vun den Diploméierten. Anescht gesäit et dann hei bei de Jofferen a Schoulmeeschteren am flammänneschen Deel aus. Déi verdénge bei wäitem manner wei hir Kollegen aus dem Lycée. D’Selwecht ass d’Situatioun dann a Finnland, Griicheland, Däitschland an dem wallouneschen Deel vun der Belsch. Just eréischt an Dänemark, also op der 7. Plaz ass d’Paie vun de Proffen sou héich wei déi vun engem Diploméierten.

An obwuel et am Land selwer déi lescht Joren nawell Progrèse gouf an d’Paien am ëffentlechen Déngscht liicht erop gaangen ass, bleift Tschechien op der leschter Plaz. Aus Rapporte vum leschte Joer léisst sech erausliesen, datt d’Duerchschnëttsgehalt vun engem Proff an Tschechie 56% ënnert deem vun engem Diploméierte bei 1145 Euro de Mount louch. Iwwert ee Joer verdéngt en Proff aus dem Lycée Fin-Carrière an Tschechien en bësse méi wéi 22.000 Euro, also ronn 6 mol manner wéi hir Homologen zu Lëtzebuerg. Net wäit virdrun ass op der zweetleschte Plaz d’Slowakei a ganz iwwerraschend op der drëttleschte Plaz d’USA.