Fake-Radar bei BuerschentLegal oder net?

Fir eng méi oder manner grouss Polemik huet ee Facebook-Post gesuergt an deem 2 Männer op enger Foto nieft hirem selwergebaute Fake-Radar stinn.

Leschten Update: 14.07.2017, 12:07:26

© www.facebook.com

De Radar besteet aus engem décke groe Rouer op dat schwaarzt Panzertape gepecht gouf an deen op den éischte Bléck och tatsächlech legitim ausgesäit. De Kerry Dullnig säi Petter hat dësen an och nach Schëlder fir dësem säi Gebuertsdag gebastelt an u sech war et just ee Spaass. Mä wéi gesäit et aus? Ass dat erlaabt oder awer verbueden eege Schëlter oder Radaren an de Virgäertchen ze stellen?...

Et ass illegal wann een de Radar op ëffentlech Stroossen histellt, well et an dësem Fall awer hiert Grondstéck war ass et awer ok. Dat huet eis d'Police och confirméiert. De Fall ass da mat deem vun engem Kënschtler ze vergläichen, dee soe mer lo zum Beispill eng 2 meter Skulptur vun engem Kanéngchen a säi Viirgäertche stellt. D’Skulptur deet kengem eppes ze leed a steet och um Propriétair sengem Terrain. De Fake-Radar kéint een also reng technesch och als Konschtwierk bezeechnen.

Mat an de Fall fléisst dann och an datt de Radar net blëtzt an absolut net funktiounsfäeg ass.

Wann een et aus engem bestëmmt Wénkel kuckt huet de Fake-Radar awer u sech dat erreecht wat e wollt a bremst vläicht eenzel Persounen of déi d'Gewunnecht hunn an de Strooss op de Gaspedall ze drécken. Donieft huet de Kerry eis matgedeelt, datt de Radar schonn nees ewech geholl gouf.

Lauschtert hei de ganze Reportage