London CallingDeen nächsten James Bond ass...

awer nach emol den Daniel Craig!

Leschten Update: 17.07.2017, 23:20:22

Säit enger Zäitche schon ass gewosst, dass d’nächst Joer nees en neien James Bond Film an de Kino kennt. Wat awer bis elo nach kee wousst, ass wien dann den James dës Kéier spillt, schliisslech sot den Daniel Craig hie géif sech léiwer d’Oderen opschneiden wéi nach emol de britesche Geheimagent ze spillen. No laangem Hin an Hier ass dann elo anscheinend eng Entscheedung getraff ginn.

Lauschtert hei de Reportage: 

Wéi britesch Medien beriichten, huet sech den Daniel Craig et elo awer nach en Kéier anescht iwwerluet a wäert och am nächste Film nach emol den James Bond spillen, viraussiichtlech awer da vir d’läscht. Nodeems déi läscht puer Filmer mat him, a besonnesch Casino Royale a Skyfall, e riese Succès waren, hun d’Produzenten alles drugesat, vir hien nach emol ze iwwerrieden. Natierlech däerf do och seng Paie eng Roll gespillt hun. Rumeuren no, soll hien iwwer 130 Milliounen Euro gebuede kritt hun, vir nach emol matzemaachen.

Hien ass awer net deen eenzegen, deen d’Produzenten onbedéngt nach emol dobäi wëllen hunn. Nodeems Skyfall dat éischten Bondlidd war, dat jeemools en Oscar krut, sollen am Moment Diskussiounen lafen, vir dass d’Adele och beim nächste Film nees d’Titellidd sengt. Ob hat awer mat derbäi wäert sinn, bleift nach ofzewaarden.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter