George A. RomeroDe Papp vun den Zombiefilmer ass dout

Am Alter vu 77 Joer ass den Horrorregisseur un de Suitte vum Longekriibs gestuerwen, seng Filmer bleiwen awer zäitlos a gehéieren zur Filmgeschicht.

Leschten Update: 18.07.2017, 05:42:39

© FILIPPO MONTEFORTE / AFP

De George Andrew Romero, US-amerikanesche Regisseur, Auteur, Kameramann a Papp vun all den Zombiefilmer ass e Sonnden am Alter vu 77 Joer an engem Spidol am kanadeschen Toronto un de Suite vu Longe Kriibs gestuerwen. De Romero ass bekannt fir säin Impakt op den Horrorcinema, virun allem um Niveau vun Zombiefilmer, well hien huet 1968 Pionéieraarbecht geleescht a war deen éischten deen d’Zombiefilmer wéi mer se haut kennen inzenéiert huet. Zombie beweegen sech lues maachen déi komesch Geräischer, sinn onstierflech an ernieren sech vu Mënschen: keen Zoufall mä alles aus der Fieder an Imaginatioun vum Romero entstanen.

Bekannt gouf de Romero wéinst sengem Debutfilm Night of the Living Dead aus dem Joer 1968 ,deen hien mat eegne Moyen’en finanzéiert hat. 114.000 Dollar huet e kascht an 18 Milliounen Dollar huet en international agespillt. Deen éischten Zombiefilm vu sengem Genre. Am Film geet et ëm ee Grupp vu Leit déi sech während enger Zombieapokalypse an engem Haus verstoppe fir sech virun der Well vun Ondoudegen ze schützen. En roude Fuedem am Romero senger Filmographie.

Am Ufank gouf de Film wéinst senger (fir déi Zäit) "explizitter" Gewalt vun de Kritiker an der Loft zerrappt. Gëllt mëttlerweil awer als absolute Klassiker.

© wikipedia.org

D'Nationalbibliothéik vun den USA déi sougenannten "Library of Congress" huet den Film an den nationale Filmregister opgeholl, engem Archiv deen all d'Klassiker aus der US-amerikanescher Filmgeschicht honoréiert. Haut gëlt dem Romero säin Zombiefilm awer als “kulturell, historesch an ästhetesch wichteg”, deen en Impakt wéi keen aneren op den Zombiegenre hat.

Interessant ass awer wéi de Romero et fäerdeg bruecht huet een Ufanks onbeléifte Genre iwwert Joren zu engem Kultgenre ze transforméieren, deen och haut nach ëmmer net säi Charme verluer huet, wann awer méi wéi genuch exploitéiert gouf. Kuck een nëmmen déi ganz Zombiefilmer déi déi lescht Dekaden a souguer rezent Joren erauskomm sinn.

An an deem Domain huet sech de Romero och richteg wuel gefillt an een Horror-Flick nom anere produzéiert, geschnidden a geschriwwen.

Ouni d’Remake mat anzebezéien hei dann d'Chronologie vun de Romero-Zombiefilmer:

Night of the Living Dead, Dawn of The Dead, Day of the Dead, Land of the Dead, Diary of the Dead, Survival of the Dead an Road of the Dead, deen d'nächst Joer wäert erauskommen, wei och de Film Origins, eng weider Virgeschicht déi grad an der Produktioun stécht an déi während dem "Kale Krich" spillt.

© MIGUEL SCHINCARIOL / AFP

Wéi déi nächst posthum Filmer vum Visionär Romero beim Public ukommen ass nach onsécher an ofzewaarden. Sécher ass op jiddefalls, datt de Romero en Filmgenre kreéiert huet dee wuertwiertlech onstierflech ass a vläit méi wei eemol wäert operstoen.

Weider Box-Office-Hits vum Romero sinn de Vampir-Film Martin an d’Kollaboratioun mam Horror-Auteur Stephen King fir Creepshow an Dark Half.

Lauschtert hei de ganze Reportage