GoUrbanEng eege kleng Stad um Kierchbierg

Dat grousst Scoutentreffe GoUrban mécht en Dënschden seng Dieren op an um Mini-Jamboree zu Lëtzebuerg treffen sech ganzer 4000 Participanten.

Leschten Update: 18.07.2017, 15:37:56

© Eldoradio

Fir déi 10 Deeg ginn sech 4.000 Leit aus 23 Länner (ë.a. aus dem Senegal, Niger, Bosnien Herzegowina, Haiti an Georgien) erwaart, dorënner Jonk Scouten (6 bis 23 Joer) an awer och d’Organisateuren an de Staff.

© Eldoradio

25 Hektar huet de ganze Site. Eng eege kleng Infirmerie mat Dokteren, en Zelt fir d’Komissioune ze maachen, e klenge Bauerenhaff, en Gaart an deem ee seng eegen Kraider ubaue kann, Sanitäranlagen also Duschen, Spullsteng an Toiletten, eng Redaktioun wou een all Dag eng eegen Zeitung erausbréngt an awer och eng Wifi-Connectioun, well ee sech als modern Scoute versteet. 

© Eldoradio

Fir déi Jonk z’ënnerhale ginn et 280 Aktivitéiten, déi a 5 Kategorien agedeelt sinn.

  • adventure
  • social
  • mind and spirit
  • creative
  • nature
D'Aktivitéite sinn da ganz ënnerschiddlech a fuerderen all Aspekt vun de Kanner.
© Eldoradio

© Eldoradio

En Parkingsproblem as net erstanene well d’Participanten opgefuerdert goufe mam ëffentlechen Transport op d'Plaz ze  kommen.

En Dënschden (18.07) sollen dann all d’Scouten hir Zelter opriichte fir e Mëttwoch (19.07) déi grouss Erëffnungsfeier ze lancéieren.

© Eldoradio

Sonnden den 23. Juli ass da vun 12h00 Auer Mëttes bis 18h00 Auer Owes eng weider grouss Feier déi och fir de grand public oppen ass. Navettë fir dohi ginn et deen Dag dann um P&R um Bouillon, um P&R Sud an op der Stater Gare.
Lauschtert hei de ganze Reportage