"Ee Stopp fir ee Mupp"Stëpp sammele fir d'Ausbildung vun engem Assistenzhond

68 Tonne Plastiksstëpp brauch ee fir een Assistenzhond ze finanzéieren.

Leschten Update: 04.08.2017, 06:03:43

D’Amicale vun der Schoul fir Assistenzhonn kuerz ASA ass eng éierenamtlech Organisatioun déi et zënter 2011 gëtt. D’Zil ass et ass Suen ze sammele fir kënnen Assistenzhënn ze finanzéieren. Een ausgebilten Hond kascht nämlech eng 17.000 Euro also vill Suen déi een do sammele muss. Dat geschitt ënnert anerem mat Hëllef vun der Aktioun “Ee Stopp fir ee Mupp”.

D’Nelly Nash vun der ASA schafft zënter 16 Joer mat HandiChiens zesummen. Dat ass eng franséisch Schoul déi Assistenzhënn ausbilt. A Frankräich gëtt et dee Projet „bouchon d’amour“ scho méi laang wou Plastikstëpp gesammelt ginn, fir verschidden Aktiounen ze finanzéieren. A sou huet een decidéiert och hei zu Lëtzebuerg dat fir de gudden Zweck ze maachen. Mat der Aktioun „Ee Stopp fir ee Mupp“ gëtt sou pro Joer een Assistenzhond finanzéiert. Bis ewell konnt een 32 Hënn parainéieren an dat war nëmme méiglech well bis ewell vill Stëpp gesammelt goufen. Lo freet een sech natierlech wéi een aus Stëpp Sue maache kann?

Lauschtert hei d'Reportage:



D’ASA finanzéiert haaptsächlech Hënn fir Leit an Altersheimer a Fleegeheimer, oder a Schoulen. Um Enn decidéiert di franséisch Schoul wou d'Hënn hikommen. D’Hënn ginn am Viraus getest fir ze kucken ob se d’Ausbildung iwwerhaapt maache kënnen. Eng Ausbildung dauert zwee Joer. 18 Méint sinn se an enger Famille d’accueil wou hinnen d’Grondbegrëffer bäibruecht ginn, an da ginn se 6 Meint zréck a Frankräich an de Centre wou dann hir spezifesch Fäegkeete benotzt gi fir hire spéidere Beruff. Do ginn et 4 verschidde Beräicher, ënnert anerem een Asisstenzhond deen Epilepsie detektéiert.

Op www.asa-asbl.lu fannt dir weider Informatiounen iwwert d'ASBL respektiv de Projet "Ee Stopp fir ee Mupp".

Links