Uni Dir hudd nach keng Studentebud?

E puer Tipps, wéi der iech bei der Sich no enger Wunneng sollt uleeën.

Leschten Update: 02.09.2017, 18:19:29

Geschwë gëtt et fir vill eemol d'Zäit, sech op d'Sich no enger Wunneng ze maachen.

De Schüler gëtt zum Student. Eng grouss Etapp an dëser Zäit, ass d'Sich no enger Wunneng. Dat ass dacks mat engem groussen Zäitopwand verbonnen. Dobäi kënnt, dass se oft net op iech waarden an ee vun de Schlappen an t'Schong muss sprange, vir eng flott Wunneng ze fannen. Et ass eng grouss Freed a gudd Erfarung, sech eng eege Bud ze sichen.

Wéi fann dir déi elo? Iwwert wéieng Weeër a wéi eng Moyenen huet een dozou? Ma iwwert Facebook oder bei Studentencercelen, hutt dir ganz einfach d’Méiglechkeet, iech iwwert Wunnengen ze informéieren, sou de Pol Lutgen vun der Acel

Et existéieren op Facebook zum Beispill sougenannte “Wohnungsbörsen”  op FB, an och Unie bidde Studentwunnengen un, déi oft méi bëlleg sinn. De klassesche Wee iwwer Immobilienmakler-Siten as op alle Fall och eng Alternativ.

Lo muss een natierlech nach wëssen, wat seet mer méi zou? Zesumme mat aneren an enger WG, oder eleng an engem Appartement wunnen? Béides huet seng Vir- an Nodeeler.

Eng WG huet de grousse Virdeel, dass dir do nie oder selten eleng sidd. Et kann sech eng flott Ambiance entwéckelen, et kann lieweg sinn an et kann ee vill zesummen ënnerhuelen.

Wann dir awer net vill Loscht op WG Stress huet a léiwer är Rou gären hätt, entscheet der iech vläicht net vir eng WG.

Egal ob dir iech elo vir eng WG oder vir d' Eleng-Wunnen decidéiert, et wier gutt wann dir iech mat Zäiten op d’Sich maacht. De Wunnengsmaart späizt ëmmer rem gutt Wunnengen eraus, mee zu de Stousszäiten (an all Staat anescht) as et gutt, wann dir schon fréi un sidd an dann zouschloe kënnt.

Lauschtert Iech hei de Reportage un:

Links