Fakten13 Reasons Why 2

Wat passéiert an der 2. Staffel?

Leschten Update: 11.08.2017, 11:11:21

© www.youtube.com

Den zweeten Deel vun der erfollegräicher Serie kënnt 2018, dat ass sécher. E geneeën Datum gouf awer bis ewell nach net genannt. Bekannt ass, awer dass rëm 13 Episode vun all Kéiers enger Stonn kommen.

D'Série spillt e puer Méint nom Dout vum Hannah Baker. Déi zweet Staffel handelt vum Heelungsprozess vun all de Bedeelegten an de Bekannten. Zemools de Clay an dem Hannah seng Mamm, Olivia Baker, leiden ënnert dem Doud.

Am Mëttelpunkt vun der ganzer Geschicht steet nach ëmmer d’Hannah. Mir wäerte Flashbacks gesinn a Szenen aus dem Hannah sengem Liewen déi ee bis elo nach net gesinn huet. Déi 2 Acteure vun den Haaptrollen, d’Katherine Langford als Hannah Baker an Dylan Minette als Clay hu confirméiert bei der 2. Staffel dobäi ze sinn.

An engem Interview fir US Weekly gouf awer verroden dass een net wéisst ob nei Koppelen entstinn oder wei dem Clay seng Geschicht weider geet, ma dat wéilt ee selwer lo mol rausfannen.

Et goufen och 6 nei Acteuren ugekënnegt, et geet vum zynesche Stëppeler bis zum shiny IT Girl.