Aqua Lux TeamLëtzebuerg kritt eventuell e Waasserfräizäitpark!

Enn September wäert eng jonk Equipp, déi hire Projet op "IndieGoGo" crowdfunden, dësen och beim Wirtschaftsministère presentéieren.

Leschten Update: 15.08.2017, 08:56:22

© iker urteaga

Ween geet net gären an e Waasserpark…? Virun allem wann et waarm ass, een sech also ofkille wëll an och nach am léifste wëll en Heede-Spaass dobäi hunn. Ma sou en Aqua-Fräizäit-Park kéint eventuell Realitéit zu Lëtzebuerg ginn.

En Team aus Lëtzebuerg huet nämlech elo genee dat wëlles: E Waasserpark op d’Been stellen, an dat iwwert den ëmmer méi populäre Wee vum Crowdfunding. Allerdéngs ass d’Iddi mëttlerweil och schon beim Wirtschaftsministère gelant. 

An der Vakanz, méi genee op der griichescher Insel Kos ass dem Svenia a sengem Liewenspartner d’Iddi komm e Waasserpark zu Lëtzebuerg ze bauen, wéi dës selwer an engem do waren, allerdéngs net alles op war a geklappt huet. Dat kéint ee besser maachen hunn d’Lëtzebuerger sech gesot an sou war d’Iddi gebuer, zu Lëtzebuerg en Aqua-Park opzemaachen. En éischte Schratt war et dunn, dat ganzt op "IndieGoGo", enger bekannter Crowdfunding-Säit héichzelueden. 

Hei kommt der direkt bei de Projet op IndieGoGo!

Vu dass dat ganzt eng jonk privat Equippe ass, brauch een natierlech virun allem eppes, nämlech Investisseuren. An hei géif et schon Interet aus Frankräich beispillsweis ginn. Wéinst dem Wieder zu Lëtzebuerg soll de Waasserfräizäitpark dann och hallef baussen an hallef Indoor konzipéiert ginn.

Lauschtert hei de komplette Reportage mam Svenia!


Dat ganzt soll an d’Géigend vu Miersch kommen, vu dass een 20-25 Hektar Plaz brauch an et do nach méi ländlech an net sou zougebaut ass. Dann dierf et awer och net ze vill der Ëmwelt schueden, Stéchwuert Solartechnik, an d’Waasserquantitéite musse garantéiert sinn. An nach eemol, et ass e richtege Fräizäitpark an net nëmmen eng normal Schwämm.



Enn September huet een dann och schon e Plang vun engem Architekt, fir de Projet kënnen am Ministère virzestellen. 

© Aqua Lux Team

Links