BréckendeegWéini sollt ee sech 2018 fräi huelen?

Och mat nëmmen e puer Congésdeeg kann ee laang fräi kréien – wann ee se richteg leet.

Leschten Update: 08.09.2017, 10:23:46

Fir vill Leit sinn d'Congésdeeg fir dëst Joer schonn opgebraucht an deen een oder anere mierkt, dass et der net genuch sinn. Ma keng Angscht, nach knapp 4 Méint, da gi se erëm opgefëllt a wien sech da richteg uleet, dee kann 2018 esou richteg ofraumen. D'Feierdeeg leien do nämlech relativ gutt a mat e puer Bréckendeeg an deem richtege Plang kann een dëst da perfekt ausnotzen.

Den éischten Dag, deen een a seng Congéspläng ka mat arechnen, ass den 1. Januar, also Neijoerschdag. Dee fält nämlech op e Méindeg. Dat heescht wann een sech vum 2. Januar bis de 5. Januar Congé hëlt, da kann ee mam Asaz vun nëmme 4 Congésdeeg vu ganzen 9 fräien Deeg profitéieren. Ma et kënnt nach besser: Wann een an d'Joer 2017 zeréckgeet, sech nämlech de 27. Dezember bis de 5. Januar fräi hëlt, da wieren et souguer ganzer 16 fräi Deeg mateneen.

Profitéiere kann ee vun de Bréckendeeg och ëm Ouschteren. Den Ouschtersonndeg fält nämlech op den 1. Abrëll. Wann een sech da vum 26. bis den 30. Mäerz fräi hëlt, kann ee mat 5 Deeg Congé ganzer 10 Deeg fräi kréien.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

Dat selwecht gëllt fir d'Zäit vum 3. bis de 6. Abrëll. Wann ee vum 26. Mäerz bis de 6. Abrëll fräi hëlt, da kënnt ee souguer op ganzer 16 fräi Deeg, obwuel just 8 Congésdeeg geaffert ginn.

Duerno kënnt dann den 1. Mee, do ginn et 4 Méiglechkeeten: Den 30. Abrëll, also Méindes fräi huelen a 4 Deeg gewannen, vum 30. Abrëll bis de 4. Mee 4 Deeg Congé huelen an dofir 9 Deeg fräi kréien oder vum 2. bis de 5. Mee Congé huelen a 6 Deeg fräi hunn.

Zimlech praktesch ass, dass 9 Deeg duerno scho Christi Himmelfahrt ass. Wann een also vum 30. Abrëll bis den 9. Mee 7. Deeg Congé asetzt, kann een 13 fräi Deeg erausschloen. Bei engem Dag méi Congé kann ee souguer 16 Deeg um Stéck fräi kréien.

Och Péngschten ginn et bei Congé vum 14. Mee bis den 18. Mee 10 fräi Deeg beim Asaz vun nëmme 5 Congésdeeg oder 9 fräi Deeg beim Asaz vu 4 Congésdeeg.

An da kënnt jo nach Chrëschtdag, och do ginn et direkt e puer Méiglechkeete fir de Maximum aus ärem Congé erauszehuelen. Alles an allem ginn et natierlech nach eng ganz Rëtsch aner Méiglechkeete fir d'Bréckendeeg esou gutt wéi méiglech auszenotzen, soulaang een dëst am Viraus e bësse plangt.