ACELVignetten fir Lëtzebuerger Studenten a Frankräich

Ähnlech wéi an Däitschland, weist d'ACEL och elo d'Studenten a Frankräich drop hin, un hir Emissiounsvignetten ze denken. Dës kaschte pro Auto 4,80€.

Leschten Update: 08.09.2017, 10:23:40

© flickr

D’ACEL huet op sengem Facebook-Site eng Rei Recommandatiounen erausginn, fir déi Schüler déi a gréissere Stied a Frankräich studéieren. Hei gouf nämlech en sougenannte “Crit’Air” agefouert, ähnlech wéi eng Emissiounsvignette an Däitschland. 

Genee sou wéi an Däitschland hunn och elo eis franséisch Nopere sougenannten Emissiounsvignetten agefouert. Dat virun allem dowéinst, well och hei an de gréissere Stied d’Pollutioun an de leschte Jore spierbar geklommen ass. 





Dat ganzt gëllt wéi gesot fir bestëmmten Zonen a Stied, sou wéi wann d’Pollutioun këmmt. Sollt een am Fall sinn, wier d’Beschafe vun esou enger Vignette awer keng Zauberei, esou de Pol Lutgen vun der Studentevertriedung ACEL.

Pol Lutgen - Beschafe vun enger Vignette

Dat ganzt kritt een dann einfach Heem geschéckt. Iwwregens sinn déi Vignetten net obligatoresch fir all Stad a Frankräich, esou d’ACEL.

Pol Lutgen - A wéi enge Stied brauch een eng Vignette?


D’Vignette kascht iwwregens fir jiddweree 4,80€, dat egal wéi vill Emissiounen engem säin Auto produzéiert.

Pol Lutgen - Wéi laang ass eng Vignette gëlteg?


Dat ganzt kascht also och fir e Student net d’Welt, et ass einfach nëmme wichteg, dass een sech eng Vignette besuergt, soss kéint et richteg deier ginn.

Hei geet et op de Link vun der franséischer Regierung!

Lauschtert hei de komplette Reportage

Links