Casting Couch CampagneVideoplattform FLAKE stécht dohannert

Léif versaute Lëtzebuerger, et kënnt leider keng Pornoplattform op Lëtzebuerg. Mä sou funktionéiert Marketing 2017!

Leschten Update: 06.09.2017, 18:41:38

Déi lescht Woch krute mir vun engem Nolauschterer de Link vun engem Video op der Porno Plattform Youporn geschéckt. Bis ewell deen 1. an där Form. Mir krute bis ewell, Gott sei Dank, nach ni e Pornolink geschéckt, a scho guer kee lëtzebuergeschen.

Lo kënnt eraus dass dat Ganzt keen Teaser op eng zukünfteg Pornosäit ass, mä eng Online-Guerilla-Campagne fir d'Videoplattfrom FLAKE!





FLAKE ass déi 1. Videoplattform zu Lëtzebuerg fir Vlogger, Leit déi gäre Videoe maachen, oder soss Videos déi d'Netz an d'Welt beweegen.

Nom Video gëtt den Opruff gemaach dass jidderee ka seng Videoen op watch@flake.lu ramailen, awer natierlech keng Pornovideoen!





Et ass déi 1. Marketingcampagne vun där Aart a Weis zu Lëtzebuerg, an de Buzz schéngt funktionéiert ze hunn!

D'Leit hannert FLAKE hunn Eldoradio och bestätegt dass et sech bei der "Statistin" net em eng Pornoactrice handelt, mä tatsächlech em eng Studentin ;).