PsychoAn dëse Beruffer schaffen déi meescht Psychopaten

Wann der op der Sich no enger neier Aarbecht sidd, da passt op wou der iech mellt.

Leschten Update: 13.09.2017, 04:14:49

Symbolbild © TAUSEEF MUSTAFA / AFP

Psychopaten sinn dach déi, déi an der Nuecht stonnelaang mat hirem Auto duerch d'Stroosse fueren, fir als nächst dat optimaalt Affer ze fannen. Déi ee gär mat enger Kettesee an der Foussgängerzon gesäit. Oder sech owes e Been aus dem Tiefkühler huele fir et mat frësche Kraider aus dem Gaart an enger Zooss ze kachen.
Esou ass et net ganz. Et ass manner offensichtlech e Psychopat ze sinn, an et ginn der vill méi déi betraff sinn wéi mer mengen. Een bis Dräi Prozent vun der Populatioun sollen enger Etüd no Psychopaten sinn. 
Fir erauszefannen a wéi engem Beruff Psychopate schaffen gouf vun engleschen Fuerscher de Perséinlechkeet-Test „Levonson Self-Report Psychopathy Scale“ gemaach.

Lauschtert hei:
Psycho-Beruffer