CupertinoDen iPhone 8 steet an de Startlächer mat "Animojis"?

Wat mer wëssen a mat wat e rechnen dierf.

Leschten Update: 13.09.2017, 04:14:32

En Dënschdeg den Owend presentéiert Apple den neien iPhone am Steve Jobs Theater um Apple Park Campus zu Cupertino am US-Bundesstaat Kalifornien. Gleeft een aktuelle Rumeuren dann heescht den Apparat iPhone 8 an iPhone X (Réimesch 10). An dat ass keen Zoufall, ëmmerhi feiert den Apparat säin 10. Gebuertsdag.

D'Virbestellunge sollen de 15. September ulafen. De Verkaf soll dann 1 Woch méi spéit ufänken. Den iPhone X soll et just am schwaarze ginn. Zënter dem iPhone 4 war d'Front vun den hellen Handyen ëmmer Wäiss. Elo sollen dës schwaarz sinn. Bei engem schwaarzen iPhone ass d'Front da net méi vum Display ze ënnerscheeden. Dernieft sollen och nei Faarwe bäi kommen: Hell-, Sëlwergro a Blush Gold.




Aner Changementer betreffen de Stroumverbrauch. Doduerch dass een en OLED Display verbaut huet ginn déi schwaarz Pixelen bei schwaarzen Grafiken net méi ugeschwat, eng raffinéiert Aart a Weis fir Stroum ze spueren. Avantage vum OLED Écran ass dann och dass dëse flexibel ass. Et kéint een en also béien.

Och den Homebutton fält ewech. Dëse gouf duerch Face ID ersat. Et entspäert een den Handy also mam Gesiicht. D'Keef aus dem iTunes oder dem Appstore bezilt een dann och op déi Manéier. Esou Indice fënnt een am Sourcecode vun iOS 11.










E weidere Schwéierpunkt läit bei der Virtual Reality. Apple versprécht sech vill heivunner a baut op eng Technik déi an de nächsten Méint a Joren schwéier um kommen ass.

A well d'Batterie trotz OLED Display nach ëmmer muss geluede ginn sou wëll een dat iwwer Induktioun maachen. E wichtegen Feature, deen et bei der Konkurrenz scho laang gëtt.

D'Memoire geet an d'Luucht, esou kritt deen décksten Apparat e Späicher vun 512 Gb. De Präis vun dësem Apparat soll dann däitlech iwwer 1000 Euro leien. Hei muss een ofwaarden wéi d'Operateuren hir Präisser mam Abo maachen.

Mam iOS 11 kommen dann och verschidde grafesch Ännerungen. De Reseau gëtt erëm als Balken ugewisen. An och de Control Center kritt vill méi Méiglechkeeten. Dernieft baut een nach méi op Force Touch.



Ganz interessant sinn dann och déi nei Emoji's, dës sollen am 3D an animéiert sinn.




Wat um Enn dobäi eraus kënnt dat wësse mer spéitstens den Owend. Eldoradio hält iech selbstverständlech um Lafenden.