Lëtzebuerg50.000 Wikipedia-Artikelen op Lëtzebuergesch verfaasst

Zanter 2004 gëtt et Bäiträg op Wikipedia op lëtzebuergesch. Mëttlerweil hunn dës dann och déi 50.000 Artikel-Mark erreecht. Mä wie schreift déi Artikelen?

Leschten Update: 13.09.2017, 17:51:19

© LIONEL BONAVENTURE / AFP

D’Associatioun Wikimedia Lëtzebuerg ASBL gëtt et zanter dem 26. November 2016. Wikipedia-Artikelen op Lëtzebuergesch ginn et awer schonn eng jett Joren. Mei genee zanter 2004. Ufank der Woch huet een dann och de Meilestee vu 50.000 Artikele gepackt. Dat heescht datt iwwer 50.000 lëtzebuergesch Artikelen op Wikipedia publizéiert goufen. D’Majoritéit gëtt vum Grupp selwer produzéiert. Am Schnatt sinn et 7 bis 10 Artikelen den Dag.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Den Ament sinn 18 Leit domat beschäftegt Artikelen ze schreiwen, 604 Persoune waren et am Ganzen zanter 2004. De Grupp ronderëm den Edson Souza Morais besteet awer just aus 11 Passionéierten, déi regelméisseg Artikele verfaassen.

Op engem Stammdësch vu Wikimedia Lëtzebuerg trëfft ee sech eemol am Joer an do gëtt da beschwat wat ee ka besser maachen, sech ausgetosch an d'Schreifweis vun den Artikele festgeluecht.   

Dobäi ass een iwwert d'Joren och op ee Student aus Russland, den User "Wolverène", gestouss deen a senger Fräizäit Artikelen op Lëtzebuergesch schreift, ouni awer wierklech eng direkt Affiliatioun mam Land ze hunn. Wéi sech erausgestallt huet ass et ee Student, deen a senger Fräizäit gäre Lëtzebuergesch léiert.

Mee de Fait, datt all Mënsch einfach sou dierf Artikelen online setze mécht d'Aarbecht vu Wikimedia Lëtzebuerg méi schwéier. Well dacks Leit einfach däitsch oder franséisch Texter an en Iwwersetzungsprogramm geheien an déi online setzen. Do muss d'Ekipp natierlech nobesseren a meeschtens souguer den Artikel läschen.

Intressant ass virun allem wat déi meescht gelieste Bäiträg um lëtzebuergesche Wikipedia sinn. Op der drëtter Plaz ass d'Land Lëtzebuerg selwer, dann op der zweeter Plaz d’Pornoactrice Audrey Bitoni an op der Nummer 1 d’Buch Identifikatiounsnummer ISBN. Firwat d'Audrey Bitoni op der 2 ass konnt hie sech selwer an eis awer leider net erklären.