1. DateWéi eng Froe sinn en NO GO beim éischten Date?

Wie Single an ob der Sich no engem Partner ass, deen héiert se ëmmer erëm: Déi Froen, déi ee beim éischten Date net soll stellen...

Leschten Update: 13.09.2017, 13:12:57

An enger Zäit vu Facebook an Tinder kann d'Sich nom Partner vum Liewe relativ laang daueren. Sou erlieft ee se ëmmer erëm: dat éischt Date. Vir dass dëst e Succès gëtt, ginn et Saachen, déi dir op kee Fall sollt froen:

Froen, déi einfach just nerven.
Firwat bass du iwwerhaapt Single? Heimatter fällt een direkt mat der Dier an d'Haus. Éischtens ze perséinlech, an och onangenehm vir äre Géigeniwwer.
Erziel mol eppes vun dir. En Zeechen, dass ee net weess, wat ee soll soen. Och wann zum Beispill Frae wëllen, dass een sech intresséiert. Vir en éischt Date nervt et awer leider just.

Froen, déi vill ze fréi kommen.
Et ass eng Aart a Weis schnell ze mierken, ob de Géigeniwwer de Partner vir d'Liewe kéint sinn. 
Wëlls de eng Kéier Kanner? Ass et OK, wann ech nach mat mengem EX befrënnt sinn?
Froen, déi souguer an enger Bezéiung heekel sinn, sinn en NO GO op engem éischten Date.

Sinn ech op engem Date oder engem Entretien?
Wou sinn deng Stäerkten a wéi vill verdéngs du am Mount?
Hei mierkt een, dass de Vis-à-Vis relativ onsécher ass. Sou fënnt ee vläicht en neien Employé, awer sécher kee Partner fir d'Liewen.

Vir dass dir op ärem nächsten Date äre Géigeniwwer net erschreckt, probéiert et emol mat Komplimenter. Dat kënnt dach meeschtens am Beschten un.