Trafic6 Tipps fir duerch de Stau ze kommen

Et ass nees Rentrée. An dee laangen Wee op d’Aarbecht an heem zitt sech méi. De Stau ass de Problem, mä wéi kënnt een am beschten doduerch?

Leschten Update: 13.09.2017, 13:13:06

© DANIEL JANIN / AFP

Fir en Stau iwwerhaapt ze verstoe muss ee wësse wei en entsteet.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Stau entsteet soumat wann déi theoretesch Auslaaschtung vun der Autobunn oder der Strooss iwwerfuerdert ass (op enger 2-spureger Autobunn sinn et 70.000 Autoen am Dag bis ee vun enger Auslaaschtung ka schwätzen) En bësse wéi d’Metapher vum Lavabo. D'Waasser wier soumat den Auto an de Lavabo d'Strooss. Kennt ze vill Waasser duerch den Offloss da staut sech d’Waasser, leeft awer simultan of. D'Metapher ass dobäi guer net souwäit hiergeholl well ee vum Verkéier jo och vun engem “Floss” schwätzt.

Béid Alternativen, also d’Autoen ze reduzéieren oder d’Stroossennetz auszebauen, an sinn awer net sou direkt ëmsetzbar.

Do misst ee schonn d’Bierger dozou kréie méi dacks den ëffentleche Verkéier ze huelen an dat probéiere jo d’Gemenge vum 16. Bis den 22. September dëst Joer während der internationaler Woch vun der Mobilitéit.

Elleng 1 Kilometer Autobunn géif zu Lëtzebuerg méi wei 6 Milliounen Euro kaschten huet eis den Direkter vu Ponts et Chaussées confirméiert.

En anere Problem firwat et ëmmer sou vill staut ass och datt et zu Lëtzebuerg vill Ausfaarten an net vill aner Méiglechkeete gëtt fir eng Streck z’ëmfueren.

D’Forme vu Stau sinn divers a gi vun "stop and go", zéiem Verkéier bis hin zu reegelrechte Stau. Ee richtege Stau ass hei am Land méi seelen.

Mä wéi kennt een dann am beschten duerch de Stau? Den Alex Friedrich vum ACL gëtt hei e puer Tipps:

  • Ofstand halen
  • Net afädelen an virdrécken/ Tirettesystem richteg ëmsetzen
  • 70 bis 80 op de Autobunn fueren wann ee weess, datt vill Trafic ass
  • Haaptstousszäiten evitéieren: 07h00 bis 10h00 an 16h00 bis 19h30
  • Konzentréiert fueren
  • D’Spur net andauernd wiesselen

Dee längste Stau gouf et am Wanter 2009, en geneeën Datum konnt eis d’Stroossebauverwaltung net nennen. Wéi et heescht hat et deemools vun Zoufftgen bis bei déi belsch Grenz ganzer 60 bis 80 Kilometer gestaut.