AppleDat sinn déi nei Produiten

Et war alt erëm eng bombastesch Presentatioun vun Apple. Mat vill Luef fir sech selwer. Schléit Apple e neie Wee an? Kënnt d'Firma erëm zeréck un d'Spëtzt?

Leschten Update: 14.09.2017, 05:42:43

Apple Watch: 

Apple huet déi 3. Editioun vun der Auer virgestallt. Déi gréissten Nouvelle ass wuel déi, dass een neierdéngs keen iPhone méi brauch fir mat der Auer kënnen ze schaffen. Se kritt eng Simkaart. Dëst huet een ouni gréisser Design-Ännerunge fäerdeg bruecht. D'Auer ass d'selwecht grouss wéi d'Watch 2. Dernieft ass de Wifi 85% méi séier. D'Batterie hält 18 Stonne wann ee permanent um 4G, Wifi a Bluetooth hänkt. D'Auer selwer leeft 70% méi séier a Siri kann och elo op der Auer mat engem schwätzen, wat bei den ale Modeller just als Text méiglech war.
Präislech läit d'Auer ouni Simkaart bei 329 Dollar. Mat Simkaart bezilt een 399 Dollar.

Ze kréien ass se vum 22. September un. Virbestelle kann ee se vum 15. September un - och zu Lëtzebuerg.

Apple TV:

Och hei ginn et puer Ännerungen. Déi gréissten ass 4K. Nei ass och, dass een elo och Spiller drop zocke kann. Dat geet ganz praktesch mat der Telecommande. D'Grafik vun de Spiller leeft flësseg an ass nawell gutt duergestallt.

iPhone 8 & 8 Plus



Apple lueft sech selwer fir de neien iPhone. Eegenen Aussoen no wier et dee gréisste Schrëtt dee jee bei Apple a punkto Smartphone gemaach ginn ass.
D'Apparater si komplett aus Glas. Fir an hannen. E Glas wat nach ni esou haart a stabil war wéi dat um nächsten iPhone de Fall wäert sinn. 

A punkto Faarwe ginn et folgend Choix'en: Space Grey, Sëlwer an eng nei Gold.

Den Display huet beim iPhone 8 eng Gréisst vu 4,7 Zoll beim iPhone 8 Plus sinn et 5,5 Zoll. 
Nei ass och de sougenannten True Tone Display. Dëse passt sech besser un an detektéiert Ambient Light.
Wat Musek ugeet sou huet een de Volume ëm 25% méi haart gemaach an deem ganze méi Bass verpasst.
Als Prozesser kënnt e A11 Bionic Chip zum Asaz. Dee stäerkste Chip dee bis ewell an engem Smartphone leeft. 6 Kären am 64 Bit Design.

Kamera filmt am 4K mat 60 Frames an der Sekonn. Dobäi passt eng kënschtlech Intelligenz d'Motiv permament un. D'Kamera ass och Virtual Reality ausgeluecht. 

Den iPhone 8 kann een dann elo och endlech ouni Kabel oplueden!
Den iPhone 8 an 8 Plus ass vum 22. September un ze kréien. Et gëtt en mat 64 GB an 256 GB.

Iphone X (si nennen en Ten) 


Den Ecran vum iPhone X ass en Oled mat 5,8 Zoll. En huet déi héchste Pixel-Unzuel déi en iPhone de Moment kann hunn. 
Den Homebutton ass fort. Fir un de Startbildschirm ze komme wëscht een erop.

An och de Facescan huet sech confirméiert. Apple garantéiert dass een den Apparat mat engem Brëll enger Mutz am däischteren oder a soss Situatiounen ouni Problem entspäre kann. Dëse System ass méi sécher wéi de Fangerofdrock nämlech  1:1 000 000. Bei der Touch ID war et 1:50 000.

Och Emoji's kann een elo unhand vu sengen eegene Grimasse schécken. Animojis.

Déi nei Kamera huet e verbesserte Portrait-Mode. 
Den iPhone X huet eng Batterie déi 2 Stonne méi laang leeft wéi déi vum iPhone 7. Och dësen Apparat léist sech ouni Kabel lueden. De passenden Accessoire gëtt et dann och schonn.
Den iPhone X gëtt et an de Faarwe Space Grey & Silver. Mat 64Gb an 256Gb. De Präis vum klengste Modell läit bei 999 Dollar. Ze kréien sinn se vum 03. November un. Virbestelle kann een de 27. Oktober.
© Screenshot

Links