SEWGewerkschaft vun den Enseignanten extrem onzefridden

Geschwënn ass Rentrée, d'Preparatioune fir den éischten Dag sti schonn, ma wierklech zefridde mam System ass d'Schoulpersonal awer net.

Leschten Update: 15.09.2017, 04:59:18

© Eldoradio

D’Gewerkschaft vun den Enseignantë, SEW, reegt sech ferm iwwert déi momentan Situatioun an der Educatiounslandschaft op.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Op enger Pressekonferenz e Mëttwoch de Mueren huet een Explikatiounen doriwwer geliwwert wéi benodeelegt a vernoléissegt sech de Secteur fillt.

Den Educatiounsminister Claude Meisch géif nämlech Decisiounen treffen ouni d'Gewerkschaft virdrun ze froe bzw, sech mat hinnen ze concertéieren. Och d’Privatiséierung vun de Lycéeën an Primärschoulen, dorënner d’International School zu Déifferdeng oder de Michel Lucius an der Stad géifen op laang Dauer negativ Auswierkung op d’Heterogenitéit vun der Gesellschaft hunn.

Punkto Strukturreformen am Fondamental, kéint den Accord tëscht der CGFP (Gewerkschaft vun der Fonction Publique) an dem Ministère sou wéi en lo besteet net gedroe ginn, heescht et.

Den Dialog tëscht Enseignanten an dem Minister misst op dësem Punkt nees opgeholl ginn, well déi schlecht Kommunikatioun géing just de Kanner am Endeffekt schueden. Dem Minister gëtt souguer de Monopol vun der Kommunikatioun virgehäit, ee Matsproocherecht säitens den Enseignantë géif net méi existéieren, esou de President Patrick Arendt, President vum Syndicat.

Am Kader vun der Rentrée, déi jo elo usteet huet d‘SEW dowéinst eng Partie Fuerderungen un den Educatiounsministère gestallt.

D’Gewerkschaft fuerdert am Fondamental an am Secondaire eng nei Definitioun vun de Missiounen, datt den Dialog tëscht den Acteuren um Terrain an dem Claude Meisch nees opgeholl gëtt an datt den administrative Chaos aus der Schoul geholl gëtt. Och eng "Zerspläiterung" tëscht ëffentlechen a private Schoule misst evitéiert ginn.

Op deem Punkt reegt een sech driwwer op, datt Privatschoulen de Léierplang net vum Ministère kréien, mä en wéi am Fall vun der International School aus England kennt. Wat eng Katastrophe wier, well en net un d'Besoine vun de lëtzebuerger Schüler ugepasst wier. Am Endeffekt géif dat just mat sech bréngen, datt de Niveau vun den 3 Haaptsproochen ënnert de Schüler zu Lëtzebuerg nach méi heterogen gëtt an d’Schüler aus de Privatschoule spéider wéinst hire schwaache Sproochkenntnisser am Franséischen an am Däitschen aus Deeler vum Aarbechtsmaart kéinten ausgeschloss ginn. Ausserdeem fënnt d’SEW, datt béid Etablissementer, privat an ëffentlech Schoulen, wéinst hirer ënnerschiddlecher Offer an direkter Konkurrenz zouenee stinn. Datt enges Daags "Schoulen sech ëm gutt Schüler streide" wier einfach net akzeptabel a misst ënner allen Ëmstänn evitéiert ginn.

D’Formatioun vun den Enseignantë misst nei definéiert ginn an et missten nei pädagogesch Konzepter fir de Fondamental an d’Lycéeën ausgeschafft ginn.

Dëst Joer hunn sech och verhältnesméisseg zu de leschte Joren wéineg Leit fir de Concours ageschriwwen. 80 Plaze vu ronn 200 waren net besat. Normalerweis ass et dem Patrick Arendt no esou, datt méi Leit sech aschreiwe wéi et fräi Plaze ginn. De Ministère huet souguer souwäit misse goen an deene Leit aus dem Studium ugeruff, déi sech nach net an de Concours ageschriwwen haten.

Och d’Formatioun fir Schoulmeeschteren a Joffere wier net gutt a misst ëmgeännert ginn. Den Ament ass et jo esou, datt ee 4 Joer studéiert an dann 3 Joer Stage mecht. Während deenen 3 Jore kann een awer aus dem Stage fléien.