Woch vun der MobilitéitOuverture vun der Passerell ënnert dem Pont Adolphe

Zënter 11 Auer e Sonndeg ass d'Vëlospasserell ënnert dem Pont Adolphe op, iwwerdeems ass an der Stad och den Autofräien Dag „La ville est belle“.

Leschten Update: 18.09.2017, 14:52:17

© Eldoradio

De Sonndeg ass d'Passerelle ënnert dem komplette renovéierte Pont Adolphe opgaangen. An dat passt gutt, well jo vum 16. bis den 22. September och déi europäesch Woch vun der Mobilitéit ass.

Wéi d'Bréck sollt renovéiert ginn ass et jo och drëms gaangen, fir d'Stadbild net ze vill ze veränneren an awer d'Circulatiounsméiglechkeeten esou gutt wéi méiglech auszenotzen, esou d'Danielle Frank vum Nohaltegkeetsministère.

Eppes Extraes huet dës Passerelle och, et ass nämlech déi éischte Passerelle fir Vëloe weltwäit, déi ënnert enger scho bestoender Bréck gebaut ginn ass. Natierlech ka se och vu Foussgänger geholl ginn, ma wéi d'Danielle Frank seet, geet een dovun aus, dass d'Passerelle éischter vun de Cycliste wäert genotzt ginn.

Lauschtert hei de ganze Reportage!

No der Ouverture gëtt et dann ëm hallwer 12 nach eng organiséierte Promenade mam Vëlo an et risege Pick-Nick a Food-Trucken um Pont Adolphe selwer. Dee selwechten Dag ass dann och an der Stad een Auto-fräien Dag mam Numm „La ville est belle“. Dofir sinn dann och verschidde Stroossen an der Stad gespaart.

© eldoradio

Et sinn dat de 17. September am Quartier Gare d'Avenue de la Liberté, d'Avenue de la Gare, an all d'Verbindungsstroossen dertëscht. Dobäi kënnt nach de Boulevard F.D. Roosevelt an de Kär vun der Uewerstad.

LINK / Hei de Programm vun de Gemenge während der Mobilitéitswoch!