1 Dag virun der RentréeClaude Meisch ass optimistesch

Fir d'Rentrée 2017/18 goufen nei Konzepter ausgeschafft an eng och jett Ännerunge gräifen dëst Joer.

Leschten Update: 15.09.2017, 04:59:46

© Eldoradio

Pressekonferenz vum Educatiounsministère een Dag virun der Rentrée am Fondamental. De Minister Claude Meisch huet hei dann den aktuelle Standpunkt genannt.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Entgéint den Aussoe vum Syndikat vu den Enseignanten huet den Educatiounsminister awer éischter een harmonescht Bild vun der Educatiounslandschaft gezeechent a sot, datt een alles fest am Grëff hätt. Iwwert d'Vakanze wiere Konzepter ausgeschafft ginn an och eng jett Gesetzer vun der Chamber gestemmt ginn. Et wier dem Claude Meisch no, "Zäit fir d’Friichten ze recoltéieren déi mat de neie Mesure geseet goufen".

Grouss Errongenschafte wiere virun allem d’Aféiere vum Cours "vie et société" an der Primärschoul, d’Ausbreede vu méi Ipad-Klassen, d'Schafe vum Enseignement Secondaire Generale an déi finanziell Entlaaschtung vun den Eltere mat der gratis Kannerbetreiung.

D’Ausso vum SEW, datt mat der Privatschoulen Outsourcing géing bedriwwe gi wier absolut falsch, well een d'Léierpersonal ëmmer nach aus Lëtzebuerg géif rekrutéieren. Och datt Privatschoulen an ëffentlech Schoulen an direkt Konkurrenz zouenee sti wier net wouer. D’Privatschoule missten éischter als Complement vun der schoulescher Offer am Land verstane gi fir déi Leit déi Schwieregkeeten hunn mam Lëtzebuerger System.

En anert Thema dat en Donneschden de Mueren op der Pressekonferenz ronderëm d’Schoulrentrée ugeschwat gouf war d’Nouvelle vum Syvicol de Mueren datt 28 Schoulmeeschter-Plazen am Norde vum Land nach net besat wieren. De Claude Meisch huet des Ausso awer dementéiert a sot datt et effektiv am Laf vum Summer 28 net-besate Plaze gouf. Haut wier et awer sou datt nëmmen nach eng Plaz net besat wier.