Olympesch SpillerKéinten d'Spiller op Lëtzebuerg kommen?

Des Méiglechkeet huet de President vum Olympikkomité aus der Belsch matgedeelt. Awer net eleng zu Lëtzebuerg, mä mat Holland an der Belsch zesummen.

Leschten Update: 15.09.2017, 12:53:37

© LAURIE DIEFFEMBACQ / BELGA / AFP

Datt d'Olympesch Spiller och regional kéinten ausgedroe ginn an d'Spiller och am Benelux méiglech wieren, huet de President vum Olympikkomité aus der Belsch Pierre-Olivier Beckers en Donneschden de Mueren am Interview mam belsche Sender RTBF an Aussicht gestallt.

Et wier zwar eng ambitiéis Iddi déi awer net onrealistesch wier. Wei et heescht hätt et scho Gespréicher mat den hollänneschen a lëtzebuergeschen Kollegen do ronderëm ginn. Dat géif awer eréischt vun 2032 un méiglech, well jo e Mëttwoch bekannt gouf, datt déi nächst Editioune vun den olympesche Spiller zu Los Angeles an zu Paräis wäerten ausgedroe ginn.