ACELRoll vum Student an zukünfteger Gesellschaft definéieren

Mat engem gudde Gefill geet ee bei der ACEL an dat neit Studiëjoer, dat awer och mat enger Partie Fuerderungen.

Leschten Update: 18.09.2017, 11:43:46

© Eldoradio

Am Kader vun der Rentrée huet d’Studentevereenegung ACEL huet e Freiden eng Pressekonferenz gehalen an mol den Update vum Joer punkto Evenementer an Aktioune gemaach.

Lauschtert hei de ganze Reportage

Beim ëffentlechen Transport huet ee fir d’éischt eemol sech selwer op d’Schëller geklappt wéinst der Errongenschaft, datt d’Offer vum gratis ëffentlechen Transport fir Studente bis zu 30 Joer verlängert gouf.

De Bilan vun den Evenementer ass gutt ausgefall an sou waren den ACEL-Bal den Tournoi de Noël, wéi och d'foire de l’étudiant nees gutt besicht.

En Volet deen een nach kritiséiert huet war dee vum Manktem un Experienz, déi d‘Studente während hirer Studienzäit maachen. Hei huet ee Wëlles nach méi vereinfacht Prozedure fir Stage während dem Studium kennen ze maache mam Aarbechtsminister auszehandelen. Och am Kader vun der Rifkin-Etüd huet een säin Avis ofginn an e puer Fuerderunge gestallt, déi eng Definitioun vun der Roll vum Student an der zukünfteger  Gesellschaft, eng Verbesserung vun der formatoun continue, der Fuerschung an der Léier virgesinn

Donieft huet een och nees un déi klassesch Publikatioune wéi dem guide du futur étudiant a guide du futur diplomé, wéi och d'Lidderbuch an Lidder-App ërennert, déi alleguerten op der foire de l’étudiant, bei der Spuerkees an och op acel.lu ze kréie sinn.