REELNiewent dem Feiere gouf och seriö diskutéiert

D'Sujeten déi de Studenten dëst Joer op der REEL um Häerz louchen, waren de Sprong vum Studenteliewen an d'Aarbechtswelt an den IT-Beräich zu Lëtzebuerg.

Leschten Update: 27.09.2017, 05:26:09

© Facebook Xavier Bettel

Vum 21.- bis de 24. September, also leschte Weekend, war déi 33. Editioun vun der REEL, déi jo op der enger Säit zu Köln an zu Bonn organiséiert gouf. Niewent dem Premierminister Xavier Bettel an dem Aarbechtsminister Nicolas Schmitt, war jo och den Héichschoulminister Marc Hansen dobäi, dat fir mat de Studenten ze diskutéieren an och emol ze debattéieren. 

Ënnert anerem goung et ëm d'Schwieregkeete fir vum Studenteliewen an d’Aarbechtswelt ze kommen, e Sujet, deen op der REEL dës Kéier Haaptsujet waren. Virun allem fir an der Carrière vum Student e Stage ze kréien, ass net ëmmer sou einfach, an heiriwwer gouf natierlech haaptsächlech diskutéiert. 

© Twitter Xavier Bettel


An Däitschland gëtt dat jo ganz gutt mat sougenannten "Werkstudenten" gehandelt, déi dann eng Partie Stonnen an enger Firma zum Beispill schaffen. Fir Lëtzebuerg gouf op der REEL festgehalen, sech an dëser Saach eemol zesummen ze setzen.

Den Héichschoulminister Marc Hansen iwwer d'Stagen

Ën anert d'Thema war den den IT-Beräich zu Lëtzebuerg. D'Demande zu Lëtzebuerg fir Leit déi am IT-Beräich forméiert goufen ass héich, allerdéngs ass d’Offer, also déi Leit, déi zu Lëtzebuerg wunnen an hei spezialiséiert sinn, vergläichsweis kleng. Majo zënter enger Zäitchen, esou de Marc Hansen am Eldoradio-Interview, géifen hei awer zu Lëtzebuerg Saachen a Beweegung kommen.

Den Héichschoulminister Marc Hansen iwwert den IT-Beräich

Natierlech ënnersträich den Héichschoulminister awer och, dass et niewent dem IT awer och nach aner Beräicher op der Uni ginn, och wann dëse Beräich e ganz wichtegen ass, wou effektiv Leit gebraucht ginn.