Héichschoulministère300 Milliounen Euro Prêt a Bourse fir lëtzebuerger Studente

Esou de Montant deen den Héichschoulminister Marc Hansen e Méideng de Muere genannt huet.

Leschten Update: 03.10.2017, 15:02:26

© Eldoradio

De lëtzebuerger Staat investéiert vill a seng Studenten dat huet rezenterweis nach e Rapport vun der OECD bewisen. Well Lëtzebuerg lant nämlech op der éischter Plaz wat d'Depense vum Staat pro Student ugeet.



Op der Pressekonferenz vum Héichschoulministère e Méindeg huet een dës Tendenz dann och bestätegt. Iwwert 300 Milliounen Euro si soumat iwwert Boursen a Prête bei de Studenten 2016/2017 ukomm.
Lauschtert hei de ganze Reportage

29.927 Studenten hunn d‘lescht Joer eng Aide beim Cedies ugefrot. 27.494 kruten se accordéiert an 3.084 Demandë goufe refuséiert. 

Punkto Finanze goufen d’lescht Joer 111,1 Milliounen Euro Bourse an 190 Milliounen Euro Prêt un d‘Studenten ausbezuelt. Also iwwert 300 Milliounen Euro am Ganzen. D’Zuel vun den Demandë war dobäi am Verglach zu 2015 ëm 6% an d‘Luucht gaangen.

Fir dës Rentrée huet ee schonn 9.000 Dossiere bis Enn August erakritt. 85% goufe wéi et heescht scho behandelt.

D’Rentrée 2017/18 ass dobäi och scho mat e puer Ännerunge lass gaangen. Dorënner en Eropsetze vun der Mobilitéitsbourse (+22,5%) an no Gespréicher mat der ACEL och d'Bourse sociale (+26% an der ënneschter Kategorie). Dat bréngt da mat sech, datt 2017 am Ganze 15 Milliounen Euro méi fir d’Studenten ausgi gouf.

En anere Punkt dee gekuckt gouf war dee wou d’Lëtzebuerger Residenten am meeschte studéiere ginn. D'Majoritéit studéiert soumat op éischter Plaz an Däitschland (4.205), dann zu Lëtzebuerg (3.666), an der Belsch (3.464) an op der 4. Plaz a Frankräich (2.241).

Dat beléiftste Studium ass wéi all die Jore virdrun o nach ëmmer Ekonomie (6.558). Op der 2. Plaz de Gesondheetssecteur (3.007) an dat drëtt-beléiftste Studium sinn d’Naturwëssenschaften (2.216).

Déi meescht Studenten (966) sinn 2016/2017 op Bréissel Ekonomie studéiere gaangen.