Eric Thill, 23 JoerKritt Schieren dee jéngste Buergermeeschter am Land?

Mat nëmmen 23 Joer huet den Eric Thill zu Schieren déi meeschten Stëmme kritt an ass domatten meescht gewielte Kandidat.

Leschten Update: 10.10.2017, 14:18:28

© Eric Thill

An der Gemeng Schieren gouf et, wéi a ville Gemengen, eng Iwwerraschung wéi d’Resultater erauskomm sinn. Majo hei war et virun allem den Alter vum meescht gewielten Kandidat deen iwwerrascht huet. Mat nëmmen 23 Joer ass de Eric Thill an de Gemengerot gewielt ginn a krut och nach direkt déi meeschte Stëmmen. 

Mat nëmmen 23 Joer ass et net nëmmen eng éischte Kéier dass den Eric Thill fir d'Gemengewale mat op der Wal-Lëscht stoung, mee hien huet sech och direkt als Kandidat opstelle gelooss a gouf direkt vun de Leit zu Schieren gewielt. Dat ass an deem Alter natierlech duebel impressionnant, allerdéngs geet et dem Eric Thill virun allem drëms eppes a senger Gemeng op d’Been ze stellen.

Den Eric Thill am Interview


No 3 Joer Uni huet de jonke Kandidat am fong dann och eréischt Ufank Oktober Fouss am Beruffsliewe gefaasst. Als 23 Joer alen hei de Spagat ze fannen tëscht sengem Beruff an dem eventuelle Posten als Buergermeeschter ass natierlech net sou einfach.

Den Eric Thill am Interview

Als een deen natierlech eréischt am Ufank vu senger politescher Carrière steet, sinn dann och d’Sujeten déi ee wëll an Ugrëff huelen op enger Gemeng anerer, wéi bei net méi sou jonke Buergermeeschteren. Den Eric Thill.

Den Eric Thill am Interview

Natierlech leien dem Eric Thill déi Jonk um Häerzen, mee als spéideren Buergermeeschter wéilt hien sech natierlech vir all eenzele Bierger asetzen, egal wéi een Alter.  

Et ass ze ënnersträichen, dass bis ewell de Posten vum Buergermeeschter zu Schieren nach net verdeelt gouf, och wann den Eric Thill déi meeschte Stëmme krut.