Ukräize bei WalenMam Bläistëft oder mam Bic?

Firwat benotze verschidde Gemengen am Land bei Walen ee Bläistëft, anerer ee Bic beim Ukräizen?

Leschten Update: 10.10.2017, 05:46:46

© Eldoradio

Virweggeholl mier hu versicht erauszefannen wat et mat de Bläistëfter op sech huet an awer keng definitiv Äntwert kritt. Dat weder vum Inneministère nach vun de Gemengen.

De Ministère huet eis op d’Fro Ausschnëtter aus den diverse Wal-Gesetzestexter geschéckt. Dat iwwert d’Kommunalwalen, d’Parlamentswalen an d’Europawalen. 3 mol steet ëmmer dat selwecht dran. An zwar ass et dem Wieler iwwerlooss seng Kräizer mat deem Instrument ze setzen, datt hie grad well.

Sief et en Bic, de Bläistëft oder souguer, jo, eng Fieder.

Och déi Gemengen déi mer gefrot hate konnten eis hei keng Äntwert drop ginn. Et gouf vill interpretéiert a logesch geduecht. Dobäi koum awer näischt ausser e puer perséinlech Theorien eraus:

Logesch gesi gëtt de Bläistëft jo zum Beispill an der Schoul net benotzt, well een nodréiglech Resultater jo kéint verbesseren. Et soll ee jo bei offiziellen Dokumenter kee Bläistëft benotzen, dat krute mer mol sou an der Schoul bäibruecht. Firwat dann awer bei de Walziedelen? 

En Grond firwat de Bic sech net eegent kéint dee sinn, datt wann ee säi Kräiz setzt a séier de Walziedel zesummeklappt jo nach d’Tënt net richteg gedréchent ass an dës kéint jo um Walziedel Flecken hannerloossen. An dëst féiert dann dozou, datt de Walziedel ongülteg ass.

Anerer Denkustéiss ginn sou wäit ze soen, datt et den reng ekologeschen Opwand ass. Well de Bläistëft méi natierlech hiergestallt gëtt, méi laang wéi ee Bic hält an och manner kascht.

Fazit: de Wieler kann d'Kräiz an der Kabinn mam Bic, oder Bläistëft maachen. Dat ass him dem Reglement no, selwer iwwerlooss. Ween also säin eegene Bic oder Bläistëft well mat an d'Kabinn huele kann dëst net verbuede kréien.

Lauschtert hei de ganze Reportage