Semaine Nationale du LogementOptakt vun der Home & Living Foire

50 Stänn, 20 Konferenzen an eng gréisser Auswiel un abordabele Wunnengen... De Programm ass dëst Joer zolidd gefëllt.

Leschten Update: 16.10.2017, 08:07:00

© Eldoradio

Vuun dësem Samschdeg 14. Oktober bis Sonndes 22. Oktober wäert an der Hall 9 vun der Luxexpo nees d’Semaine Nationale du Logement zesumme mat der Home & Living - Foire organiséiert ginn. Wat dëst Joer besonnesch ervirstécht, sinn eng sëlleche Konferenzen déi wäerten am Laf vun der Semaine du Logement ofgehale ginn. 

Zënter méi wéi 20 Joer gëtt et d’Semaine du Logement schon, wou et virun allem Informatiounen an Hëllefe ronderëm de Sujet Wunnen am Allgemenge gëtt. Virun allem an Zäiten, wou d’Wunnengspräisser duerch de Plafong zu Lëtzebuerg schéissen, ass et dëst Joer natierlech och nees wichteg, abordabel Objeten unzebidden. 

Lauschtert hei de komplette Reportage!


Ganz konkret wäert d‘SNHBM zu Uewerkäerjeng (Hautcharage) 26 Haiser a 16 Appartementer an zu Lamadeleine 51 Haiser an 22 Appartementer ubidden. D’Appartementer leie bei tëscht 250.000-300.000 Euro. Awer och subventionéiert Wunnengen zu Déifferdeng oder Munneref wäerte vum Fond de Logement ugebuede ginn. Dat alles a méi gëtt et dann op enger vergréisserter Home & Living Foire ze gesinn, esou den Direkter vun der Luxexpo, de Jean-Michel Collignon.

© Eldoradio


De Paul Nathan vun der Chambre des Métiers, déi natierlech och wäerte präsent sinn, verweist iwwerdeems nach op d’Konzept Smart Home zu Lëtzebuerg, e Konzept, dat et jo schonns méi laang gëtt. 

Iwwregens kann een sech déi abordabel Wunnenge vun der SNHBM elo schon um Internetsite ukucke goen. Ähnlech Projeten an Objete si schon an der Pipeline, esou de Minister Hansen.

Hei geet et op den offizielle Site vun der "Semaine Nationale du Logement"!
Weider Infoe ginn et um Site vum Logementsministère!

Um Site vum Fonds du Logement a vun der SNHBM ginn et weider Detailer zu abordabele Wunnengen!

Links