Cybersecurity Kompetenzzenter an der StadGrouss Erëffnung vum C3

Lëtzebuerg rëscht no a Saache Cybersécherheet a lancéiert ganz pünktlech fir den europäesche Mount vun der Cybersecurity de neie Kompetenzzenter C3.

Leschten Update: 13.10.2017, 14:14:15

© Eldoradio

Och zu Lëtzebuerg ass d’Phenomen vu Cyberattacken op kleng bis grouss Firme wei ronderëm d'Welt déi lescht Joren zu enger neier Gefor erun gewuess.

Dofir well Lëtzebuerg sech elo méi organiséiert schützen an huet ee spezielle Kompetenzzenter an der Stad an d’Liewe geruff, deen op 15 Joer Expertise am Beräich Cybersécherheet zu Lëtzebuerg opbaut, esou d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener 

© Eldoradio

Zu dësen Initiativë gehéieren dann engersäits CIRCL (Computer Incident Response Center Luxembourg), souzesoen dem Interventiounszenter, dee geruff gëtt wann et eng Attack gouf a CASES (Cyberworld Awareness and Security Enhancement Services), déi sech mat der Sensibilisatioun a Präventioun vum Thema bei de Bierger a Firme beschäftegt.

D’Missioune vum C3 sinn an 3 Pilieren agedeelt. Den éischte Pilier ass d’Observatioun, dann d’Formatioun a Simulatioun an als lescht dann d’Testing-Laboen.

Eng Partikularitéit vum Zenter ass de Room 42 (D'Zuel "42" ass eng Uspillung op d'Buch an de Film "Hitchhiker's Guide to the Galaxy", an deem ee Supercomputer d'Zuel 42 als Léisung op d'Fro nom Sënn vum Liewe gëtt). E Raum an deem un sech just Entreprisen a Verwaltungen awer och Eenzelpersoune Cyberattacken ënnert reelle Konditiounen übe kënnen. Dat dann iwwert de System vum C3 Zenter an och iwwert intern Systemer vun de betraffene Firmen. Wann ee well en Escape-Room fir IT-Spezialisten. Iwwerwaacht gëtt de Simulatiounsgrupp an engem anere Raum eraus, wou de Responsabelen nom Training mat de Participanten zesummen en De-Briefing opstellt fir ze kucke wat geklappt huet a wat net.

© Eldoradio

De Room 42 ass och weltwäit ee vu den eenzege Simulatiounsraum op der ganzer Welt a soll och geschwënn auslännesch Gruppe fir Formatiounen invitéieren.

Den Ament schaffe 4 Leit am C3. Fir 2018 soll d’Unzuel u Mataarbechter dann op 10 Stéck klammen.