Erweiderung vun der Tramslinn16,4 Kilometer wäert d'Streck Enn 2021 laang sinn

7 Statiounen bis op d'Cloche d'Or kommen dobäi d'selwecht wéi 2 Statiounen tëscht dem Kierchbierg an dem Findel.

Leschten Update: 16.10.2017, 14:18:37

D'Gare um Houwald am Joer 2021?© MDDI

De Freideg huet den Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister François Bausch 2 Prolongementer fir den Tram virgestallt, déi vun 2021 u sollen a Service goen. Op där enger Säit ass dëst eng Erweiderung vu 4,9 Kilometer mat 7 Statiounen, déi d'Quartiere Bouneweg, Houwald, Ban de Gasperech an d'Cloche d'Or wäert erreechen.

De Käschtepunkt fir d'Erweiderung an déi zwou Richtunge wäert bei ronn 214 Milliounen Euro ouni TVA leien.

© MDDI


Op der anerer Säit wäert d'Linn dann och de Secteur Héienhaff, de Sennengerbierg d'selwecht ewéi de Fluchhafen iwwer 3,9 Kilometer mat zwou Statiounen ufueren.

Déi integral Trams-Streck tëscht Cloche d'Or an dem Findel wäert da ganzer 16,4 Kilometer laang sinn a viraussiichtlech 2021 fäerdeg sinn. Wéi de Minister nach sot géif een och gutt an der Zäit leien.

© Den Tram um Wee op de Findel

Weider Detailer zu de neie Strecken:

Eemol vun de Foire bis op de Findel an eemol vun der Stader Gare bis op d’Cloche d’Or. Dat sinn am groussen a ganzen déi zwee grouss Deeler, déi bei de Reseau vum Tram solle bäikommen. De Käschtepunkt: 214.000.000 Euro (114.900.000 Cloche d’Or / 99.100.000 Findel), dat komplett vum Staat iwwerholl gëtt.   De Minister François Bausch mat Detailer zu der Streck op d’Cloche d’Or.

François Bausch - Tram

Dass alles matenee verbonnen ass, versteet sech vum selwen, schon eleng wann ee bedenkt, dass ronn 75% vun den Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg an der Stad sinn. Ënnert anerem komme jo dowéinst nees grouss Pole d’Echangen op déi nei Strecken, dat ënnert anerem op der Cloche d’Or, um Houwald oder um Findel.

François Bausch - Tram 2


© De Pole d'Echange beim neie Stadion

D’Streck bis op de Findel wäert iwwregens bal 4 Kilometer laang sinn. Iwwregens wäerten och nei Ramme mussen organiséiert gi fir dës Prolongatiounen, 7 Stéck fir bis op d’Cloche d’Or a 5 Stéck fir bis op de Findel. Schlussendlech, soll jo schliisslech den Trafic entlaascht ginn, dat och, well manner Busse mussen agesat ginn.

François Bausch - Tram 3

Bis Enn 2021 sollen déi 16,4 Kilometer fäerdeg gebaut sinn. D’Busgare an d’Streck Stäreplaz soll nach virum Summer opgoen. Enn 2019 soll den Trajet da bis op d’Paräisser Plaz schon opgoen. D’Gesetz fir de Projet soll dann an 2 Wochen an der Chamber deposéiert ginn, am Fréijoer, sou d’Aschätzungen, kéint dat ganzt da gestëmmt ginn. 

Lauschtert hei de komplette Reportage!


© Eldoradio



En date du 13 octobre 2017, François Bausch, ministre du Développement durable et des Infrastructures, a présenté les deux prolongements du nouveau réseau de tramway. D’ici 2021, ils pourront desservir d’une part les quartiers de Bonnevoie, Howald, ban de Gasperich, Cloche d’Or et d’autre part le secteur de Héienhaff et Senningerberg ainsi que l’aéroport. Ces extensions relieront ainsi les pôles d’échanges du Héienhaff, de Bonnevoie, de Howald et de la Cloche d’Or et leur conception est menée en étroite coordination avec l’Administration des ponts et chaussées qui assure la maîtrise d’ouvrage des projets routiers attenants.

Prolongement depuis la gare centrale jusqu’à Cloche d’Or

Sur 4,9 km, 7 stations desserviront les quartiers, dont 3 pôles d’échanges importants: Lycée Bonnevoie, Howald et Cloche d’Or. Ce projet s’inscrit dans le développement urbain de la Ville de Luxembourg et d’Hesperange.


Prolongement depuis le circuit de la Foire internationale jusqu’à Findel

Sur 3,9 km, 2 stations desserviront le futur pôle d’échange du Héienhaff et l’Aérogare du Findel. Ce projet s’inscrit dans le développement urbain autour de l’aéroport.


Financement

Le coût total pour la construction de ces deux prolongements est estimé à 214.000.000 euros (HT) financés par l’État, soit 114.900.000 euros (HT) pour le tracé entre la gare centrale et la Cloche d’Or et 99.100.000 euros (HT) pour le tracé entre le circuit de la Foire internationale et l’aéroport du Findel. 12 rames viendront compléter le parc des 21 rames qui circuleront entre Luxexpo et la gare centrale. Les installations du Centre de remisage et de maintenance actuel sont d’ores et déjà prévues pour accueillir et entretenir les rames nécessaires à l’exploitation de la ligne de 16 km sans investissements supplémentaires.


Quatre années seront nécessaires pour réaliser les travaux et permettre, à partir de fin 2021, une mise en service commerciale de la ligne de tram de 24 stations, dont 10 pôles d’échange. Aux heures de pointe, le tram desservira alors toutes les 3 minutes chacune des stations entre le Lycée Bonnevoie et Luxexpo. Au-delà, vers Cloche d’Or et Findel, la fréquence de passage sera de 6 minutes.

Links