Weltdag vum Hireschlag den 29. OktoberOch Jonker kënne betraff sinn

"Blëtz asbl" ass eng Associatioun déi ronderëm den Hireschlag opkläeren, an de Betraffenen hëllefe wëll.

Leschten Update: 26.10.2017, 19:18:47

© Eldoradio / Chantal Keller Presidentin vu Blëtz asbl

E Sonndeg den 29.Oktober ass de Weltdag vum Hireschlag. D'"Blëtz asbl" wëll ronderëm den Hireschlag opkläeren, an och den Betraffenen hëllefen.

All Dag maachen an der Moyenne hei zu Lëtzebuerg 4 Persounen een Hireschlag, seet d’Chantal Keller vun der "Blëtz asbl", déi och selwer virun e puer Joer een Hireschlag mat engem Häerzinfakt gemaach huet. Dat ass net nëmmen eppes wat méi eelere Leit geschéie kann wéi déi meescht dat mengen, mä och jonke Leit, an dofir misst een opkläeren, esou d'Chantal Keller weider.

D’Chantal Keller huet dann an deem Kader ee Buch zesummegestallt mat Temoignagen vun 12 Fraen an 12 Männer déi ee Schlag gemaach hunn. Hei erzielen dës wéi si, mä och Famill a Frënn, dat ganzt erlieft respektiv mat erlieft hunn.

D’Chantal Keller vun der "Blëtz asbl" iwwert de Fall vun engem jonke Mann:

Dofir ass et ëmsou wichteg ze wëssen wat een Hireschlag ass. Um Internetsite www.bletz.lu gëtt et ee Film an deem ee kloer erkläert kritt, wat een Hireschlag ass, a wat ee maache sollt.

Nach eemol d'Chantal Keller:

Wann een dann ee Schlag hat, ass een am Prinzip ee Joer am Rehazenter wou een déi néideg Therapië kritt. Duerno muss een da selwer kucken wéi et viru geet, d'Chantal Keller:


An dofir kämpft d’Blëtz asbl fir dat et sou eppes och geschwënn hei zu Lëtzebuerg gëtt.

© bletz.lu


Lauschtert hei d'Reportage am Audio:


© Bletz.lu


D'Chantal Keller, Presidentin vu "Blëtz asbl", déi wéi gesot selwer een Hireschlag hat, beschreift an hirem Buch d'Schicksal vu 24 Betraffener an deenen hir Familljen. Dës perséinlech Geschichten sinn a 4 Sprooche geschriwwen: däitsch, franséisch, englesch a portugisesch. Des Weideren gëtt d'Buch duerch informativ Artikelen ergänzt. E puer dovunner si vu Professeren aus dem Beräich vun der Medezin, anerer vun ënnerschiddlechen Organisatiounen mat Bezuch op Hireschlag.

© bletz.lu
 

Links