Social ExperimentEldoradio huet dës Persoun gesicht!

En Dënschden gouf d'Aktioun am Studio Ben opgeléist!

Leschten Update: 09.11.2017, 04:39:46

E Méinden huet Eldoradio via Facebook an eldo.lu e jonke Mann gesicht. Mir hunn eng Foto verëffentlecht, de Mann beschriwwen a gefrot ob een de Mann kennt. Weider Informatiounen hu mer net erausginn. Mir wollten d' Reaktioune vun de Leit testen.

Dacks reagéieren d' User rassistesch op esou Artikelen, ouni iwwerhaapt genee ze wëssen em wat et geet. Et gëtt einfach emol blann drop lass getippt. Och wann eisen Artikel dacks geklickt a gedeelt gouf, ass praktesch näischt Verwerfleches oder souguer Auslännerfeindleches gepost ginn, zum Gléck. Vläicht hätte mir méi Infoe missten erausginn, eng Geschicht erfannen, mä dat wollte mir net!


De Gros vun de User wollt just wësse wat „e gemaach huet“, respektiv firwat „e gesicht gëtt“. Et wollt keng eng Info  ouni virdrun ze wëssen em wat et geet. Op dat lo gutt ass oder net…

D'Experiment huet geklappt. Awer op eng, fir eis, onerwaarte positiv Aart a Weis. De Bashing ouni d’Hannergrondwësse vun Informatiounen ass ausbliwwen.

En Dënschden den Owend huet de Ben d' Aktioun zesumme mam Zaid, dem „gesichte“ Mann, opgeléist.

De Zaid kënnt aus dem Irak a lieft schon zanter knapp 2 Joer hei zu Lëtzebuerg. Hie selwer gouf, wéi hien eis selwer gesot huet, hei zu Lëtzebuerg nach ni mat rassistesche Viruerteeler konfrontéiert. Wat awer net heescht datt et dat hei am Land net gëtt, sou de Zaid.

De Mëttwoch hunn de Ben an d'Lynn an der Show iwwert d'Aktioun geschwat: