Sean Paul um Sonnden an der RockhalZe vill geschwat, ze wéineg gesongen?

Um Sonnden Owend war de Sean-Paul zu Gaascht an der Escher Rockhal. Um Enn goungen d'Leit mat gemëschte Gefiller heem.

Leschten Update: 14.11.2017, 08:02:14

Net jiddwereen ass nom Concert vum Sean-Paul mat engem breede Grinsen heemgaangen.

Um Ufank fänkt de Sean-Paul mat senge Klassiker un. Iwwerhaapt muss ee soen, wann een de Sean-Paul gären huet, krut ee gëscht Owend all seng Hits zerwéiert. Fir munchereen och eng Rees zréck an d'Jugend, ass de Mann dach schonn e puer Joer aktiv an huet sou munchen och seng Jugendzäit iwwer begleet.

Sou war et dann och kloer dass di meescht Lidder gezünt hunn, an de Public uerdentlech matgaangen ass.



An der Mëtt vum Concert zitt et sech. De Sean-Paul hëlt Sänger aus der Virgrupp mat op d'Bühn. Sou richteg funktionéiert dat net.

Um Enn gëtt awer nees ugezunn an de Sean-Paul iwwerzeegt mat eegene groussen Nr1 Hits.

Eng Kritik déi dacks koum, de Sean-Paul huet vill, muncherengem ze vill geschwat. Vill Lidder goufen dowéinst och net ganz gespillt. Dat leit och vläicht drun well de Sean-Paul der einfach ze vill huet.

Lauschtert hei Reaktioune vum Public >>>


3 vu 5 Stären ginn et fir den Optrëtt zu Lëtzebuerg.