Supermarché5 Tipps fir déi séierste Keess ze fannen

All Kéiers ass et dat selwecht. Et geet ee kuerz bis an de Supermarché fir 2 Artikelen ze kafen an et sti gefillten 1000 Leit bei der Keess.

Leschten Update: 14.11.2017, 11:34:51

© FRED TANNEAU / AFP

D'Fro ass dach séier beäntwert! Et hëlt een einfach déi Keess an där am mannste Leit sinn?! 

Dat ass awer net ëmmer sou einfach...

D’Redaktioun vun der New York Times huet sech rezent de Kapp driwwer zerbrach an dobäi eraus koume 5 Tipps wéi een am séierste laanscht d’Kees am Supermarché kënnt.

  1. Sech bei weibleche Caissièren ustellen. Enger Etude no, si Fraen vill méi séier wei hir männlech Homologe beim Ascannen. 

  2. Am meeschten Zäit geet bei der Interaktioun tëscht dem Caissier an dem Client verluer. Dacks gëtt nach small-talk bedriwwen. Dowéinst keng Angscht hunn fir an déi Keesen ze goe wou d'Caddië vläit méi gefëllt sinn awer manner Leit stinn. 

  3. Ween ganz séier duerch d'Keess wëll, dee sollt besser no enger jonker Koppel sichen. Déi verplemperen am mannsten Zäit an si sinn zu zweet beim Apaken.

  4. Verhalenspsychologen hunn eraus fonnt, datt Rietshänner méi oft d'Tendenz hunn sech an déi riets Schlaang anzereien. Also am Beschte géint déi eegen Intuitioun ugoen an sech vläicht mol lénks an d’Rei stellen.

  5. Beim leschten Tipp kënnt een net nëmme méi séier duerch d'Keess, mee et kann een och nach extra Punkte bei de Caissièrë sammelen. Wann der de Mataarbechter wëllt also entgéint kommen da leet d'Produiten am beschte mam Code Barre no ënnen op d’Band. Sou brauch d’Persoun an der Keess manner Zäit beim Zurechtleeë fir d’Saachen anzescannen.
Lauschtert hei de ganze Reportage

© MYCHELE DANIAU / AFP