Apel, Jeans, Béier a Co.Wou ass wéi vill Waasser dran?

Och bei Wueren, déi een net onbedéngt mat Waasser a Verbindung bréngt ass de Waasserverbrauch dacks enorm.

Leschten Update: 15.11.2017, 11:40:38

Wéi vill Waasser ass an deene verschiddene Wueren, sief et Gedrénks, Iessen awer och Kleeder? Dat huet sech d'„Water Footprint Network“ gefrot. Gerechent gëtt de Waasserverbrauch pro Kilo fir déi komplett Produktioun vun de verschiddene Wueren.

50 Liter fir eng eenzeg Tomat

822 Liter si fir e Kilo Äppel néideg. Mir schwätzen hei vu sougenanntem virtuellem Waasser oder nach dem Waasser-Foussofdrock. Orangë kommen dogéint nëmmen op 560 Liter de Kilo an fir d'Produktioun vun Tomate sinn et 214 Liter. Dat kléngt net no vill ma fir eng eenzel Tomat heescht dat, dass 50 Liter fir eng eenzeg Tomat néideg sinn.



Vill Waasser fir d'Verschaffe vu Produiten

Wéi vill awer d'Veraarbechte vun de Wueren ausmécht weist dat heite Beispill: Fir e Kilo Gromperen ze ziichte brauch et 287 Liter Waasser. Wann een awer elo doraus Chipse wëll maachen, da si mir op ganzer 1040 Liter, also iwwer e Fudder fir 1 Kilo Chipsen. An déi si jo bekanntlech relativ dréchen.

Dem „Water Footprint Network“ no gëtt dës awer nach vun Nuddele getoppt: Hei sinn et der fir e Kilo 1849 Liter. Och Oliven hunn en enorme Waasserverbrauch. Iwwer 3'000 Liter brauch een do fir ee Kilo. Ma da komme mir elo mol zu deene Produiten, déi all déi aner am Waasserverbrauch bei wäitem iwwertreffen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Déieresch Produite verbrauchen am meeschten

Fleesch ass do mat vir bäi. 5'988 Liter sinn an engem Kilo Schwéngefleesch verstoppt. Hei geet de Groussdeel vum Waasser an d'Fudder vum Déier. 3 mol méi verbraucht do eng Kou, nämlech ganzer 15.415 Liter pro Kilogramm Fleesch. An engem Glas Mëllech verstoppen sech nach 255 Liter Waasser, op de Kilo gerechent sinn dat 1020 Liter.



Béier, Wäin, Kaffi an Jeans

Fir e Liter Wäin sinn an der Moyenne 870 Liter Waasser néideg, fir Béider sinn et der nëmmen 298. Fir Kaffi sinn et 1'000 Liter d'Taass. Ma fir ze weisen, dass dësen enorme Waasserverbrauch net nëmme fir Iess- an Drénkwuere gëllt hei nach dat leschte Beispill: Fir d'Produktioun vun enger Jeans-Box gi fir d'Hierstellung ronn 8'000 Liter Waasser drop.