"PIB du bien-être"Wéi geet et de Leit am Land?

En Dënschdeg gouf de "PIB du bien-être" oder "Luxembourg Index of Well-Being" virgestallt. Et geet drëms d'Wuelbefannen vun de Leit ze moossen.

Leschten Update: 15.11.2017, 07:44:18

© Eldoradio

D'Regierung, virun allem de Wirtschaftsministère setzt besonnesch op qualitative Wuesstem. D'Liewensqualitéit vun de Leit géing am Mëttelpunkt stoen, an dofir géing et och ee Besoin gi fir ee sou genannten PIB du bien-être, dee weist wéi d'Wuelbefanne vun de Leit ass, a wat positiv oder negativ op d'Wuelbefannen awierkt, esou d'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère d'Francine Closener bei der Presentatioun.

Mam PIB du bien-être kann ee lo ganz spezifesch kucken wéi et de Leit hei am Land geet. Et ginn dofir 63 Indicateuren wéi Akommes, Wunnen, Gesondheet oder allgemeng Liewenszefriddenheet. De klassesche PIB géif just d'Entwécklung vun der Wirtschaft weisen, esou d'Francine Closener weider.



De Rapport ass elo fäerdeg a presentéiert Zuelen vun 2009 bis 2015. Engersäits fënnt een de Gesamtindex deen dat allgemengt d'Wuelbefanne weist an eben och 63 eenzel Indicateuren déi an 11 verschidde Kategorien regruppéiert sinn. Do dernieft gëtt och een europäesche Verglach gemaach.

Zu Lëtzebuerg bleift d'Liewensqualitéit tëscht 2009 bis 2015 relativ konstant. Vergläicht een den PIB du bien-être mam klassesche PIB, da gëtt et eng parallel Entwécklung tëscht 2009 an 2015. D'Wuelbefanne vun de Leit also den PIB du bien-être erhëlt sech awer net esou séier ewéi de PIB. Dozou d'Francine Closener:



Déi wichtegst Verbesserungen tëscht 2009 an 2015 goufen et ënnert anerem an de Beräicher Ëmwelt (+13%), Akommes a Wuelstand (+10%), Educatioun (+1,5%) an d'Heefegkeet vun den soziale Bindungen (+1,5%). Wat d'Educatioun an d'Qualifikatioun betrëfft do stellt ee fest, dat d'Zuel vun den Héichschoulabsolventen zwar zouhëlt, gläichzäiteg awer och ëmmer méi Jonker d'Schoul ouni Ofschloss verloossen.

D'Beräicher, an deenen sech d'Liewensqualitéit vun den Awunner verschlechtert huet sinn ënnert anerem Gesondheet (-10%), perséinlech Sécherheet (-10%), Wunnen (-6%) a Gouvernance (-6%).

Den Detail vun der Enquête fann dir hei: PIB du bien-être vum STATEC

Den neie lëtzebuerger Wuelstands-Indicateur gouf an Zesummenaarbecht mam Statec, dem "Conseil économique et social (CES)" an dem  "Conseil superiéur pour un développement durable (CSDD)" ausgeschafft.

Links