De Wanter ka kommen...Serie fir de Wanter

Fir dass dir och gutt duerch déi kal Joreszäit kommt!

Leschten Update: 17.11.2017, 08:15:48

Déi schéinsten Zäit vum Joer steet virun der Dier, d'Wanterzäit. Mat dobäi natierlech och déi schéi Wanterdeeg, harmonesch Momenter mat der Famill an déi latzeg, faul Mëtteger, Owenter oder och Deeg virun der Telé!

Fir dass dier dobäi och gutt versuergt a punkto Serië sidd, ginn et hei elo puer Tipps wat een iwwert de Wanter kucke kéint!

Ugefaangen natierlech mat der ganz neier, zweeter Staffel vu 'Stranger Things'.

D’Netflix-Erfollegserie, am Stil vun engem 80er Joer Mystery-Thriller ass grad eréischt verëffentlecht ginn an zitt Millioune vu Fans virun den Ecran.

E weidere Serie-Tipp wier 'The Crown', déi deiersten Netflix-Serie déi et jee gouf!

Den 8. Dezember kennt hei die zweet Staffel eraus, déi chronologesch d'Liewe vun der Kinnigin, dem Elizabeth déi zweet erzielt.



CBS huet dann och nach eng Serie, déi d'Ufäng vum Sheldon Cooper erzielt.

Dëse Spin-Off gëtt vum Jim Parson, dem aktuelle Schauspiller vum Sheldon Cooper erzielt a kënnt vum 8. Januar un op der Telé!