Gesetzesprojet40 Mesurë fir d'Promotioun vun der lëtzebuerger Sprooch

Iwwert dee Wee soll evitéiert ginn, datt d'Lëtzebuergescht an Vergiessenheet geréit.

Leschten Update: 17.11.2017, 12:27:57

Den Educatiounsminister Claude Meisch (lénks) an den Staatssekretär am Kulturministère Guy Arendt (riets)© Eldoradio

Zil vum Gesetzesprojet ass et d’lëtzebuerger Sprooch ze stäerken, de Gebrauch an d'Recherche z’ënnerstëtzen, d'Léieren an d'Kultur vum Lëtzebuergeschen ze fërderen a virunzedreiwen.

Dofir huet een eng Strategie ausgeschafft, déi iwwert 40 Mesuren déi néideg Ännerunge schaaft fir de Stellewäert vun de Sprooch eropzesetzen. Dës Strategie gëtt an engem Aktiounsplang iwwert déi nächst 20 Joer festgehalen, deen all 5 Joer evaluéiert gëtt. Heifir gëtt dann och d’Plaz vun engem Kommissär geschaaf, deen de Plang ausschafft an oppasst, datt d’Ziler ëmgesat ginn. Ënnerstëtzt gëtt de Kommissär vun engem interministerielle Comité, deen d'Memberen aus all Ministèrë regroupéiert. De Conseil fir d'lëtzebuerger Sprooch wäert och weider bestoe bleiwen an säin Avis ëmmer nees ofginn.

Eng vun de Mesurë besteet doran méi Formateure fir Lëtzebuergesch Coursen auszebilden, well wei et heescht hätt hei d'Demande extrem bäigeholl.

Weider Mesurë sinn d'Promotioun vum Lëtzebuergesche beim Spidolspersonal oder och d'Efforte fir op EU-Niveau d'Lëtzebuergesch als offiziell Sprooch unerkennen ze loossen.

Nationalen Zenter fir d'lëtzebuerger Sprooch

Fir alles ënner een Daach ze kréie schaaft een en nationalen Zenter (Centre pour le luxembourgeois) deem seng Missioun et wäert sinn d’Ziler ëmzesetzen an d'Sprooch am Ausland wéi och zu Lëtzebuerger ze promouvéieren. Donieft wäert den Zenter och Astellungen a Konferenzen an en nationalen Dag vun der lëtzebuerger Sprooch organiséieren. Eng aner Nouveautéit ass et d'Mataarbechter vum LOD, dem Luxembourg Online Dictionnary an den Zenter ënnerzebréngen.

Fir grouss Efforte beim Ëmsetze vun der Lëtzebuerger Sprooch ze beloune wäert d'Regierung och national Präisser verginn.

Biergerforen

Den Educatiounsminister weess awer och, datt d’Decisioun op ee méi lëtzebuergesch well schwätzen zum groussen deel vun der Gesellschaft gedroe gëtt. An deem Kader wäert een d'nächst Joer tëscht Fuesent an Ouschteren eng jett Biergerforen organiséieren an deen d'Leit dann hir Meenung a Virschléi zu der lëtzebuerger Sprooch kënnen ofginn. Och eng Online-Plattform wäert dofir entstoen.

En Rapport soll dës Diskussiounsronnen da festhalen, deen de Kommissär fir d'lëtzebuerger Sprooch dann mat an den Aktiounsplang afléisse léisst.