Amnesty International LuxembourgFestival des Droits humains

De Festival geet vum 29. November bis den 10 Dezember. Gebuede ginn ë.a. Konferenzen zum Thema Mënscherechter, en Theaterstéck an eng Ausstellung.

Leschten Update: 17.11.2017, 09:51:23

© Amnesty International Luxembourg

Well d‘Verfechter vun de Mënscherechter ëmmer méi bloussgestallt gi ronderëm d'Welt , rifft d'Organisatioun Amnesty International Lëtzebuerg déi lëtzebuergesch Regierung a seng Bierger dozou op sech fir den Erhalt vu Mënscherechter anzesetzen

An deem Kader invitéiert d’Organisatioun vum 29. November bis den 10. Dezember op de Festival des Droits humains, deen am ganze Land wäert organiséiert ginn. Dozou gehéieren eng Ausstellung, en improviséiert Theaterstéck wéi och 2 Konferenzen an Diskussiounsronnen iwwert d'Thema Mënscherechter.

De Festival geet den 29. November mat enger Ausstellung vun der Kënschtlerin Rebecca Hendin um Lampertsbierg lass. 

Méi Informatioune ginn et ënner festival.amnesty.lu.