StudentefoireJonk BAD stellt sech vir

De Studentencercle vun de Lëtzebuerger Studenten am Bibliothéikswiesen, an der Archivistik an an der Dokumentatioun ass op der Studentefoire opgefall.

Leschten Update: 18.11.2017, 09:48:01

© Eldoradio

D'Jonk BAD ass eng Community an déi jiddereen erageholl gëtt deen intresséiert ass fir an déi Beruffssparte schaffen ze goen, oder déi sech an deene Beräicher reorientéiere wëllen.

An eisem Zäitalter an deem et e groussen Duercherneen un Informatiounen a Donnéeë gëtt, sinn d’Dokumentalisten, Archivisten a Bibliothekären eng Zort Verwalter, déi Uerdnung an den Informatiounschaos bréngen.

Dës Beruffsspart wier allerdéngs net déi beléiftste bei de Studente soudass een nach ganz kloer Leit bräicht. D’Aufgabe wieren nämlech méi villfälteg wéi ee kéint denken. Der Jonk BAD wier et also och wichteg, dass hiren Image sech e bëssen ännert.

Wann der wëllt wëssen, wat ee genau studéieren a wéi eng Beruffer dat genau sinn, da lauschtert dat ganzt am Audio: