Ponts et ChausséesWou kommen déi 4 nei fix Radaren hin?

Wéi et schéngt kann een sech geschwënn op nach méi fix Vitesskontrollen am Land astellen.

Leschten Update: 26.11.2017, 17:20:27

© RTL Archiv

Déi lescht Joren ass ee reegelrechte Ruck duerch d’Lëtzebuerger Stroossennetz gaangen an d‘Regierung setzt op méi repressiv Mesurë fir géint d'Verkéiersrowdye virzegoen. Ee Problem ass d’Vitesse an deem Problem well ee mat méi fixe Radaren entgéint wierken. Den Direkter vun Ponts et Chaussées, Roland Fox, huet eis verrode wou een den Ament drun ass mat deenen neien Apparater.

Wéini a wou kommen d'Radaren hin?

  • N8 tëscht Sëll a Bruch: Aarbechte ginn den 1.12 un. Solle nach virun Enn des Joer fäerdeg ginn. Hei soll dann och fir d'Zäit vun den Aarbechten een Iwwergangsradar opgestallt ginn. Donieft wäert wéinst den Aarbechten och d’Vitesse um Streckenofschnëtt erof gesat ginn op 70 Stonnekilometer.
  • Liaisoun Micheville (Belval- Frankräich): Aarbechte sinn déi 2 Woch vum Dezember fäerdeg
  • CR 118 tëscht Aangelsbierg a Miersch: éischt Trimester 2018
  • Rond-Point Raemerech: éischt Trimester 2018

E puer Radare ware jo zanter deem se opgeriicht goufen och Affer vu vandalisteschen Akten. Se besser ofséchere wëll een awer net, wei den Här Fox seet setzt een hei ganz op d’Vertraue an eis Gesellschaft.


Lauschtert hei de ganze Reportage