ULCOp wat soll ee beim Kaf vu Spillsaachen oppassen?

Och dëst Joer huet de Lëtzebuerger Konsumenteschutz nees am Kader vum Kaf vu Spillsaachen eng Rei Recommandatiounen erausginn.

Leschten Update: 07.12.2017, 17:03:24

© DENIS CHARLET / AFP

Egal aus wéi engem Material d’Kannerspillsaache gemaach sinn, ëmmer erëm kënne geféierlech Stoffer an dëse Saachen enthale sinn. Stoffer déi am schlëmmste Fall vu Kanner an de Mond geholl ginn an se krank maachen. Aus Käschten-Grënn sinn dann dacks sou Saachen dra wéi "Weichmacher", polyzyklesch aromatesch Kuelestoffer oder Schwéiermetaller déi a Faarf a Lack dran ass.

Eng Kéier un der Spillsaach richen ass dann dacks net verkéiert: Hëlt een e bäissenden, penetrante Geroch an Uecht, ass dëst dacks schonn en Zeechen, dass geféierlech Stoffer verschafft goufen. Sinn d’Materialie liicht brennbar? Hällt d’Faarw oder de Lack wann e naass gëtt? Dat sinn alles Froen, déi een sech och stelle soll.

Lauschtert de komplette Reportage am Audio!

Ënnert anerem reit d’ULC dohier de Konsumenten dorop ze kucken, dass d’Spillsaachen déi se kafe stabil an zolidd verschafft gouf an op et eventuell kleng Deeler un der Spillsaach ginn, déi kéinte lassgoen an ofgeschléckt ginn.

Virun allem bei klenge Kanner ass et dann och wichteg Uecht ze ginn, dass d’Spillsaache keng schaarf oder spatz Platzen hunn.

D’ULC recommandéiert dann och Spillsaachen ze kafen, déi méi grouss wéi en Tennisball sinn, well sou d’Gefor, dass d’Kand eventuell drun erstéckt miniméiert gëtt.

Dann soll een och drop oppassen, dass Spillsaachen déi aus Stoff bestinn, wéi Teddybieren, kënnen an d’Wäschmaschinn gehäit ginn.

Schlussendlech soll dann nach de Numm an d’Adress vum Hiersteller op der Verpackung stoen, den Emballage soll een dann och halen. Aner Infoe wéi wichteg sinn, sinn d’Alterslimite, d’Rechnung, CE oder d’TÜV Zeechen. 

Alleguerten d'Recommandatioune vun der ULC op ee Bléck!

Links