DesignerDe Jean Paul Gaultier war zu Lëtzebuerg

De 6. Dezember war et un der 1. Editioun vun den "Sapins de Noël des Créateurs" zu Lëtzebuerg.

Leschten Update: 08.12.2017, 12:09:00

© Amy Watson, Eldoradio

Den Event gouf virun 22 Joer vun der franséischer Journalistin Marie-Christiane Marek an d'Liewe geruff. Dëst Joer war si mat hirer Auktioun fir eng éischte Kéier hei zu Lëtzebuerg.

Hei stellen all Joer grouss Designer, Architekten, Kënschtler oder Moude-Designer hire perséinlechen "Sapin de Noël" op enger Vernissage aus, déi da spéider fir e gudden Zweck versteet ginn.

D'Watson, d'Eldoradio Lifestyle-Bloggerin war fir eis op de Vernissage.

"Jean Paul Gaultier, ee Mann mat enger Passioun. 

Hien ass e franséische Moude-Designer, huet seng eege Mark "Gaultier" 1976 gegrënnt, huet mat Hermès zesumme geschafft an eng Rei Parfumen erausbruecht.

De 6. Dezember huet sech déi 1. Editioun vun den "Sapins de Noël des Créateurs" zu Lëtzebuerg ofgespillt. Hei stellen all Joer grouss Designer, Architekten, Kënschtler oder Moude-Designer hire perséinlechen "Sapin de Noël" op enger Vernissage aus. Déi ginn da spéider versteet an déi Sue ginn un eng karitativ Associatioun gespent.
D'Watson, d'Eldoradio Lifestyle-Bloggerin war fir eis op de Vernissage.


Dëst Joer war de Jean Paul Gaultier mat dobäi.
Seng Inspiratioun fir säi perséinlechen "Sapin de Noël" war en Rack dee vun engem Mannequin gedroe geet. De Kierper u sech wollt hien awer méi abstrakt duerstellen. Dofir gëtt dësen nëmme mat eenzele Linnen duergestallt. Dës Fra ass awer grad dobäi sech ze beweegen. Si hieft hiert Been héich an d'Luucht esou, dass een ënnert de Rack gesäit. Heibäi geet et em eng liewensfrou Fra, déi voller Energie ass.
 
Mat sengem Wierk well de Jean-Paul Gaultier d'Leit frou maachen an zum laache bréngen. Hien well de Leit d'Liewen an d' Freed erëm zréck bréngen. Dat och an deene schwéiere Momenter wann ee mam Alter, mat Krankheeten oder mam Doud konfrontéiert ass. Am grousse Ganzen ass säi Message dass ee vu sengem Liewe profitéiere soll, sech selwer net ëmmer ze eescht ze huelen an een sech mat deem befaasse soll wat ee frou mécht.


 Jean Paul Gaultier: "Il y a plein d'espoir"




Moude-Design huet hie selwer ni studéiert oder geléiert, mee duerch Passioun a Wëllenskraaft huet hien et dohi bruecht wou en haut ass. Och wann de Monsieur Gaultier en ganz erfollegräiche Mann ass, ass en awer ganz um Buedem bliwwen. Mat senger oppener a sympathescher Aart a Weis huet en definitiv iwwerzeegt."

xx, Amy Watson