Dry JanuaryE Mount ouni Alkohol

Firwat den alkoholfräie Januar vu Virdeel ka sinn!

Leschten Update: 07.01.2018, 11:39:05

© Kaboompics // Karolina

Ween 2018 mat engem décke Kapp erwächt ass, fir deen ass de Gedanke vum Dry January net all ze weit hiergeholl. Dëst ass nämlech eng Gesondheets-Campagne vun der Britescher Organisatioun Alcohol Concern déi Leit encouragéiert am éischte Mount vum Joer op Alkohol ze verzichten. Sou ze soen um Dreschenen ze setzen.

Net nëmmen an England huet dës Initiativ Erfolleg, weltwäit sinn ëmmer méi Leit iwwerzeegt vun dëser zäitlech begrenzter Alkohol-Abstinenz. Ween elo denkt, dass temporäre Verzicht souwisou näischt bréngt iert sech. Enger Etüde no, ausgeféiert vun der American Psychological Association, kann dat ganzt souguer laangfristeg positiv Nowierkungen hunn.

Bei deenen 875 Briten un deenen dëst getest gouf huet sech erausgestallt, dass se nach 6 Méint nom Dry January bedeitend manner alkoholescht Gedrénks zou sech geholl hunn. Des weidere stinn d’Chancë méi héich, dass se a soziale Situatiounen, wéi zum Beispill dem sou genannte Gruppenzwang, an der Laach sinn den Alkohol-Konsum ofzeleenen.

D’Campagne selwer probéiert virun allem mat Argumenter ze iwwerzeegen, déi am Alldag méi gräifbar sinn. Esou heescht et, dass 79% vun de Participanten dee Mount iwwer Sue gespuert hunn. 62% ginn un, op Grond vum alkoholfräie Januar bessere geschlof ze hunn an esou och méi Energie gewonnen ze hunn. A wat fir vill Leit no dem dekadente Chrëscht- a Néijoers-Kascht interessant ass; ganzer 49% vun de Participante gleewen drun am Laf vum Mount Gewiicht verluer ze hunn.