Concerten 2018Wéi eng Stare komme ganz no bei eis?

D’Tourdaten vu groussen internationale Museker a Bands fir 2018 si gréisstendeels bekannt. Fannt hei Infos zu aktuell wichtegen Tournée’en an der Regioun.

Leschten Update: 11.01.2018, 15:29:08

© afp

D‘Lady Gaga huet zejoert eng Partie Optrëtter an Europa wéinst Krankheet missen ofsoen, an déi sollen dëst Joer nogeholl ginn. D’Lady Gaga spillt ënner anerem den 22. Januar zu Antwerpen an 13. Februar zu Köln an den 23. Februar zu Berlin

Ufank Juni kritt Däitschland Besuch vun enger legendärer Rockband. Guns n Roses goufen 1985 zu L.A. gegrënnt an hu weltwäit 100 Milliounen Alben verkaf. kommen fir 4 Optrëtter an di däitsch Halen, dorënner den 3. Juni zu Berlin, an den 12. Juni Gelsenkirchen.

Die Toten Hosen kuckt op eng impressionnant Karriäre zréck mat 16 Studioalben, 9 Mol Plaz 1 vun den däitschen Albumcharts, an och e sëlleche Präisser huet d’Band scho kasséiert. 2018 sinn si mat hirem aktuellen Album „Laune der Natur“ ënnerwee – ënner anerem den 21. Juli zu Stuttgart.

Lauschtert hei de ganze Reportage: