LëtzebuergHomarde lande weiderhi lieweg am Kachwaasser

Wéi de Landwirtschaftsministère Eldoradio confirméiert huet, géif et "kee Bedarf" ginn, Homarden oder Kriibse mat an d'Déiereschutzgesetz ze huelen.

Leschten Update: 18.01.2018, 17:11:54

© FRANCOIS GUILLOT / AFP

An der Schwäiz sinn d’Restauranten an d’Käch alles anescht wéi begeeschtert iwwert dat neit Gesetz dat d’Regierung wëlles huet ëmzesetzen. Majo d’Regierung argumentéiert allerdéngs, dass och Homarden oder Kriibsen Déiere sinn a leiden, a genee dat géifen se vill ze laang, wann se, wéi dat traditionell Usus ass, lieweg a kachent Waasser gehäit ginn.

Dacks kënnt d’Argument, dass d’Déieren direkt vu sech wiere wann se a Kontakt mam Waasser kommen a stierwe géifen. Dëst ass villen Experten no allerdéngs net wierklech richteg a gëtt mëttlerweil ass e Mäerchen ofgestempelt. Ganz am Contraire géifen dës Déieren nämlech ganz wuel leiden, dat tëscht 15 Sekonnen a ganzer 7 Minutten.

Am Kader vum neien nationalen Déiereschutzgesetz, dat zu Lëtzebuerg an de nächste Wochen oder Méint duerch d’Chamber geet, wäert dëse Punkt allerdéngs net drastoen, esou de Landwirtschaftsministère op eis Nofro hin. D’Entschlofe vun Déieren, iert dës geschluecht ginn, steet zwar am neie Gesetz dran, allerdéngs gëllt dëst exklusiv fir Wirbeldéieren. Homarde gehéieren am Contraire zu de wirbellosen Déieren, sou dass d’Déiereschutzgesetz hei net gräife wäert.

Lauschtert de komplette Reportage am Audio!


Et géif een och am Moment kee wierkleche Bedarf gesinn, dës Déieren an zum Beispill Kriibse mat an d’Gesetz opzehuelen, sou dass een net deen nämmlechte Wee wéi d’Schwäiz wäert zu Lëtzebuerg goen.

Op der enger Säit wier dem Ministère net genee kloer, wéi een dës Déiere virdru korrekt entschléift, op der anerer Säit wier et schwiereg bis onméiglech ze kontrolléieren, op d’Käch sech och drun halen. An der Schwäiz gëtt iwwregens consideréiert d’Déiere mat Elektroschocken ze entschlofen, iert se an d’Waasser gehäit ginn.

Iwwregens huet d’Schwäiz sech och dozou entscheet, d’Déieren, iert se ëmbruecht ginn, besser ze halen. Sou ass et geschwënn och net méi erlaabt Homarden a Kriibsen direkt op Äis oder am Äiswaasser ze transportéieren.