"Veloh" an der StadElektresch Vëloe vum 1. Juli un

De "Veloh"-System an der Stad gëtt erneiert. Den neie Vëlosystem huet 800 elektresch Vëloen an ass vum 1. Juli un asaz-bereet.

Leschten Update: 18.01.2018, 17:11:49

© JCDecaux SA 2018 / Esou ähnlech kéinten déi nei elektresch Vëloen ausgesinn, den definitiven Design ass nach an der Maach!

Am Abrëll 2017 hat d'Stad Lëtzebuerg een appel à candidatures gemaach fir déi sou genannte "Veloh'en" am Gebitt vun der Stad Lëtzebuerg ze erneieren. Bis den 1. September konnt een eng Offer areechen. Um Enn krut nees d'Entreprise JCDecaux den Zouschlag fir dësen neie Projet fir déi nächst 10 Joer. Dat ganzt leeft dann ouni Publicitéit, esou d'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer e Freideg de Mueren op enger Pressekonferenz.

© Eldoradio


Vum 1. Juli u stinn am ganzen 80 Statiounen mat 800 elektresche Vëloe bereet. Déi 800 Vëloe sinn all mat assistence electrique.

D'Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer:

Een nom aneren ginn déi aktuell "Veloh" Statiounen ausgetosch.

De Joresabonnement gëtt da vu 15 op 18 Euro erhéicht.

Et ginn de Moment 7.700 Abonnenten am aktuelle "Veloh"-System.