Beim NéitsenMond an Nues zou halen ass schlecht!

A Groussbritannien hat e Mann extrem vill Chance wéi dëse genéitst huet an sech dobäi Mond a Nues zougehalen huet. Am schlëmmste Fall kann ee stierwen!

Leschten Update: 17.01.2018, 15:44:48

© JIM WATSON / AFP

E 34 Joer ale Mann ass virun e puer Deeg zu Leicester a Groussbritannien an d’Spidol komm, dat well hie Symptomer vun enger graver Krankheet hat. Allerdéngs war de Mann kierperlech ganz fit an och soss goufen et keng Unzeechen, dass de Mann schwéier krank wier. An trotzdem hat de Mann enorm Péng beim Schlécken a seng Stëmm war praktesch komplett fort a konnt just nach ganz minimal schwätzen.

Och wann et ufanks ongewéinlech geschéngt huet, hunn d’Dokteren awer dunn awer relativ séier d’Ursaach vun de Symptomer vum Mann fonnt: De Patient hat relativ staark genéitst an sech dobäi d’Nues an de Mond zou gehalen.

Wéi se de Patient ofgelauschtert hunn, sinn hinne kraachend Geräischer opgefall, déi drop hiweisen, dass Loft déif an de Kierper an an d’Muskele gedréckt gouf. Bei de Röntgen war dunn kloer, da Mann hat Loftblose bis erof an d’Rëpper. D’Diagnose vun den Doktere war dat sougenanntent Boerhaave-Syndrom. Et ass also esou e staarken Drock entstanen, dass d’Loft souzesoen an d’Gewebe an d‘Organer vum Kierper gepresst gouf.

Wann een sech d’Geschicht vun dësem Syndrom esou ukuckt, mierkt ee séier, dass de Mann aus Groussbritannien extrem vill Gléck hat. Hei ass et nämlech ganz kloer an einfach méiglech, dass wann een sech d’Nues an de Mond beim Néitsen zouhält, e Rass an d’Speiseröhre komme kann, eppes dat et och schonn an der Vergaangenheet gouf. Doduerch geréit dann an der Reegel Loft a Rechter iessen an de Kierper.

Allerdéngs ass et extrem seelen, dass Rëss an d’Schléck kommen. Majo trotzdem bezeechnen d’Dokteren d’Zouhale vu Mond a Nues während dem Néitsen als geféierlech a rode staark dovunner of. De Mann aus Groussbritannien deen also extrem Chance hat, konnt iwwregens no 7 Deeg d’Spidol nees verloossen.