OGBL-KritikPenurie un Enseignantë bleift bestoen

Staark Kritik um aktuelle Grondschoul-Betrib gouf et de Freideg vum OGBL – am Zentrum vun där Kritik stoung natierlech de Mangel u Schoulpersonal.

Leschten Update: 21.01.2018, 10:37:44

Och wann et aus dem Educatiounsministère géif heeschen, dass de Betrib géif rullen an all Klass en Enseignant hätt, géif de Problem der Gewerkschaft no weider bestoen – mat drastesche Konsequenze fir den Unterrecht an d'Schüler. An d'Grippezäit hätt dëse Problem nach weider verschäerft.

Deelweis katastrophal Zoustänn“

Schonn am September hat et net genuch Léierpersonal ginn, fir e korrekte Schoulbetrib ze garantéieren, esou den SEW-President Patrick Arendt. Guer net ze schwätze vun Ersatzpersonal. Elo, während der Zäit vun der Gripp wier et dann esou, dass wann een Enseignant krank wier, d'Schoul géif benoriichtegt ginn, fir d'Klass iergendwéi ze beschäftegen.



Maulkuerf fir d'Enseignanten?

Genee esou schlëmm fënnt ee beim OGBL, dass et dem Léierpersonal verbuede wier, fir iwwer d'Situatioun um Terrain ze schwätzen.

Zwar gesäit de Patrick Arendt an, dass kuerzfristeg Leit missten agestallt ginn, de Kärporblem vun der Penurie géif dat awer net léisen. An da kéint ee jo och net einfach egal wien astellen.

Lauschtert hei de ganze Reportage!


Beruff an Ausbildung muss méi attraktiv ginn

Fir den SEW-President wier et donieft néideg, fir de Beruff an d'Ausbildung erëm méi attraktiv ze maachen, fir domat de Problem och laangfristeg léisen ze kënnen.

Um Enn huet de Patrick Arendt nach gemengt, dass de Problem sech aller Viraussiicht no bei der nächster Rentrée weider verschäerfe géif.